Lëtzebuerger Ekipp op der Dodgeball-EM an Irland

© Frank Broy
Vum 26. bis den 29. Juni ass de Luxembourg Lions Dodgeball Club zu Limerick an Irland am Asaz.
De Veräin vum Campus Geesseknäppchen gëtt et zanter Februar 2024. Et ass deen éischten Dodgeball-Club am Grand-Duché. Kennegeléiert hunn déi meescht Spiller a Spillerinnen de Sport op hiren Universitéiten an Holland oder Groussbritannien. Nom Studium koum dunn d'Iddi op, fir ee Veräin zu Lëtzebuerg ze grënnen. Viru ronn engem Joer gouf de Luxembourg Lions Dodgeball Club offiziell Member vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun FLH. Puer Méint méi spéit dunn och vun der europäescher Federatioun EDF.
Wéi spillt een Dodgeball?
Dodgeball ass een Ekippesport, bei deem d'Spiller, änlech wéi beim Vëlkerball, duerch Werfen oder Fänke vu Bäll probéieren, hir Géigner ze eliminéieren. De Luxembourg Lions Dodgeball Club kritt et bei senger éischter Participatioun op der Europameeschterschaft zu Limerick an Irland mat Frankräich, Ungarn, Wales an Nordirland ze dinn.