Eng Véierelsfinall, eng Halleffinall an d'Finall vun der Dammefuttball-EM gi Mëtt Juli um Glacis um groussen Ecran iwwerdroen.

Wann et op der Dammen-Futtballeuropameeschterschaft an der Schwäiz an déi decisiv Phas geet, wäert d'Stad Lëtzebuerg dräi Partië live um Glacis iwwerdroen. Fir dëse Public Viewing gëtt en Ecran vun 28m2 opgeriicht.

De Programm:
Mëttwoch 16.7.25: Véierelsfinall - Ustouss 21.00 Auer
Dënschdeg 22.7.25: Halleffinall - Ustouss 21.00 Auer
Sonndeg 27.7.25: Finall - Ustouss 18.00 Auer

Den Entrée ass fräi, am Agank ginn awer Kontrolle gemaach. Um Areal sinn Toiletten a fir Iessen a Gedrénks wäert natierlech och gesuergt sinn. Virun de Matcher an an de Pause sinn DJ-Sette virgesinn. All d'Informatiounen zum Public Viewing nach emol HEI.