Déi Lëtzebuerger Volleyballnationalekipp huet e chargéierte Programm.

No de 4 Victoiren an der Goldmedail op de Spiller vun de klenge Länner an Andorra goung et mat der Silver League weider. Um éischten Tournoi zu Bartreng konnten d'Rout Léiwe géint Island an Éisträich zwou weider Victoirë feieren. Duerno am Aserbaidjan konnt een d'Heemekipp 3:0 klappen, éier et géint Ungarn eng éischt Defaite gouf. Elo steet de virleefeg leschten Tournoi a Georgien un a jee nodeem geet et esouguer nach an d'Verlängerung.

Lëtzebuerg an der CEV Silver League/Reportage Marc Burelbach

Sollten d'Lëtzebuerger et fäerdegbréngen, hir zwee Matcher géint Georgien an d'Färöer Inselen allkéiers mat 3:0 ze gewannen, ass d'Warscheinlechkeet grouss, mat 5 Victoiren aus 6 Matcher an d' Finall vun der Silver League anzezéien. Den Tëschebilan fält fir de Chris Zuidberg a Co deemno ganz positiv aus.

"Bis elo kënne mer ganz zefridde sinn. Mir hunn déi Matcher gewonnen, déi mir ze gewannen haten, plus nach e Bonus, wou mer géint Éisträich gewonnen hunn. An den Aserbaidjan ass och ëmmer e Kampf. De leschte Summer hu mer 3:2 géint si gewonnen, dat war an Estland, dës Kéier hu mer bei hinnen doheem gespillt (3:0). Quit datt mer géint Ungarn verluer hunn, hu mer bis elo en Tournoi "sans faute" gespillt."

Ma wat ass eigentlech den Ursprong vun dëser bis ewell esou erfollegräicher Campagne?

"Ech mengen, et ass en Deel Motivatioun. Den Tournoi ass eppes Flottes. Et wëll ee sech nach emol eppes beweisen. Dann dierf een och net vergiessen: Mir sinn e Grupp vun e bësse méi erfuerene Spiller, déi och schonn am Ausland waren an da ganz ville Jonken, déi hongereg sinn. Et ass e ganz gudde Mix vun Erfarung a jugendlechem Honger."

Aktuell kënne sech niewent Lëtzebuerg an de bis ewell nach ongeschloene Schweden och nach Éisträich an Ungarn fir d'Finall qualifizéieren. Schweden, Éisträich an Ungarn spillen an hirem leschte Qualifikatiounstournoi géinteneen an decidéieren deemno indirekt mat, ob d'FLVB-Selektioun an d'Finall kënnt oder net.

"Jo, wa si (Schweden an Ungarn) elo 5 Sätz spillen an dann nach hir Matcher géint Éisträich gewannen, dann ass et eng Finall Schweden/Ungarn. Selbstverständlech kucke mer och op deen Tournoi, well do hänkt vill vun deenen 3 Matcher of, mee mir kënne just dat beaflossen, wou mir selwer spillen. An dat bréngt och näischt, sech do de Kapp ze zerbriechen."

Et wier fir jiddwereen en enormen Challenge, fir d'Finall vun der Silver League spillen ze kënnen. Dës Finall gëtt an engem Allers-Retour gespillt an den éischte Match kéint schonn en Donneschdeg an enger Woch zu Lëtzebuerg sinn. Do mussen dann och vill extern Facteuren zesummepassen.

Et wier de Lëtzebuerger ze wënschen, datt et mat der Finall klappt. Ëmmerhi geet et och nach em e Präisgeld vu bis zu 40.000 Euro.

]comments]