Gilles Braas a Co hu sech géint Georgien mat 3:0 (25:17, 25:14 a 25:9) behaapt.

An der Volleyball Silver League hunn d'Lëtzebuerger Hären nach ëmmer d'Chance op d'Qualifikatioun fir d'Finall déi nächst Woch. Éier et esouwäit ass, mussen d'Rout Léiwen hir Hausaufgabe maachen. Um Tournoi a Georgien hu si e Freideg géint d'Heemekipp näischt ubrenne gelooss.

An allen 3 Sätz konnten d'Lëtzebuerger mat drockvolle Servicer de Grondstee fir eng souverän Victoire leeën. 
Am éischte Saz konnt Georgien nach deels mathalen an awer war beim Spillstand vun 21:13 scho kloer wien déi éischt Manche géif gewannen. Och e kuerzen Hänger géint der Enn huet Chris Zuidberg a Co net aus der Fassong bruecht.

Dëse gelongenen Optakt hunn d'Rout Léiwe mat an den zweete Saz geholl, wou Georgien scho fréi huet missen en Time Out huelen. Wat de Saz méi laang gedauert huet, wat d'Heemekipp ëmmer méi opginn huet. De Saz ass mat 25:14 un d'Lëtzebuerger gaangen.

Och am drëtte Saz gouf et kaum spannend Ballwiesselen. Galoppo a Gajin konnte Punkte wéi se Loscht haten. Iwwer 8:3, 16:6 an 21:8 war séier gewosst wéi de Match géif ausgoen. Déi zwee lescht Punkte vum Match ware quasi identesch. Service Chris Zuidberg, de Ball kënnt vun der georgescher Säit no bei d'Netz an de Christian Galoppo smasht de Ball an den Terrain.

Um Samschdeg spillen d'Lëtzebuerger nach géint d'Färöer Inselen, déi bis ewell ee Match an der Silver League gewanne konnten.