Am nationale Basket huet d'FLBB de Spillplang fir d'nächst Saison präsentéiert. 

An der Enovos League bei den Häre spillt de Champion Etzella Ettelbréck den éischte Match doheem géint Mamer an de Vize-Champion T71 Diddeleng kritt Besuch vum AB Conter.

Bei den Damme spillen an der Enovos League wéinst dem iwwerraschenden Réckzuch vum Champion Gréngewald Hueschtert nëmmen nach 7 Ekippen. Zum Optakt kënnt et hei ënner anerem zum Duell tëschent der Sparta Bartreng an dem T71 Diddeleng.

An der Nationale 2 bei den Häre spillt eng U18 Nowuessekipp vun der FLBB mat, dës Matcher sti jeeweils Mëttwochs um Programm.

D'Saison wäert de Weekend vum 21. September ugoen.