De Steve Nothum feiert säin éischte Grand-Prix-Gewënn am Para-Schéissen a viséiert elo zouversiichtlech d'Weltmeeschterschaft am September an Tschechien.

Am Para-Schéissen huet de Steve Nothum de Weekend am italieenesche Massa Martana säin éischte WSPS Grand-Prix gewonnen, also en Tournoi, dee vum Weltverband fir Para-Schéissen organiséiert gëtt. Mat 101 Treffer konnt hien d'Konkurrenz an der Kategorie PT3 hannert sech loossen a sou Gold gewanne virum Massimiliano Bracci aus Italien an dem Martin Tomek aus Tschechien.

D'Kategorie PT3 ass fir Athlete mat enger Behënnerung um Aarm, deen net schéisst. Gläichzäiteg hunn déi Athleten awer eng gutt Balance an e funktionéierenden Uewerkierper, sou dass si aus dem Stand kënne schéissen.

De Grand Prix an Italien gëllt als wichtegen Test virun der kommender Weltmeeschterschaft, op déi de Steve Nothum elo méi zouversiichtlech ka kucken. "Ech sinn immens zefridde mat mengem Resultat a kucken elo positiv op déi nächst Tournoien, virun allem op d'WM. E grousse Merci geet un de Rick Sosa, dee mech exzellent ënnerstëtzt huet", sou de Nothum iwwert säin Trainer.

D'Weltmeeschterschaft am Para-Schéissen ass vum 9. bis de 15. September zu Brünn an Tschechien.