Preparatioune fir d'Zukunft
Laang Jore kaum beuecht, ass Feldhockey de Moment richteg ugesot zu Lëtzebuerg.
D'Lëtzebuerger Federatioun vum Feldhockey steet kuerz virun hirem 50. Anniversaire. Joerzéngtelaang waren déi sportlech Aktivitéiten éischter bescheiden. An de leschte Jore si se dogéint awer explodéiert.
Viru Kuerzem goufe 5 Nationalekippen op d’Bee gestallt, déi un internationale Kompetitiounen am Ausland deelhuelen. Leschte Weekend waren eng Rei Preparatiounsmatcher organiséiert en vue vun zukünftegen internationale Kompetitiounen.
D’Dammennationalekipp ass dobäi géint eng belsch Selektioun ugetrueden. D‘belsch Old Panthers waren de roude Léiwinnen (a wäiss) eng Nummer ze grouss. Et geet jo drëms, Erfarungen ze sammelen, a sech op dem Wee weider z’entwéckelen. D’Nationalekipp besteet aus engem Mix vu méi erfuerenen a méi jonke Spillerinnen. Jiddefalls bléist e frësche Wand am nationale Feldhockey.
Kuckt hei d'Fotoe vum Frëndschaftsmatch vun der U-18-Härennationalekipp géint Frankräich: