MVP Gilgeous-Alexander ënnerschreift Rekord-Kontrakt an der NBA

© AFP
Mat den Oklahoma City Thunder ass de 26 Joer jonke Kanadier dëst Joer Champion ginn.
An der NBA huet de Kanadier Shai Gilgeous-Alexander e Rekord-Kontrakt ënnerschreiwen, deen him 285 Milliounen Dollar fir 4 Joer séchert. Donieft konnt hie sech den MVP-Titel an der regulärer Saison, souwéi an der Finall-Serie sécheren. Elo verdéngt hie mam neie Kontrakt 71,25 Milliounen Dollar pro Saison, méi Sue pro Joer wéi jeemools e Spiller virun him.
Lebron James verlängert bei de Lakers
De Lebron James huet iwwerdeems säi Kontrakt bei de Los Angeles Lakers ëm 1 Joer verlängert. Déi nächst Saison verdéngt de 4-fachen NBA-Champion 52,6 Milliounen Dollar. Hie wäert e weidere Rekord opstellen. De 40 Joer jonke Superstar geet a seng 23. Saison an der NBA. Esou laang stoung bis elo nach kee Spiller an der NBA um Terrain.
Dennis Schröder wiesselt op Sacramento
Den däitsche Guard wiesselt a Kalifornien an ënnerschreift bei de Kings e Kontrakt iwwer 3 Joer, fir déi de Schröder 45 Milliounen Dollar soll kréien. Sacramento ass domat den zéngten NBA-Klub fir den Däitschen. Virdrun huet hie scho fir d'Hawks, fir d'Thunder, fir d'Lakers, fir d'Celtics, fir d'Rockets, fir d'Raptors, fir d'Nets an d'Warriors gespillt. An der leschter Saison war den Dennis Schröder mat den Detroit Pistons an d'Playoffe komm, do awer géint d'New York Knicks erausgeflunn.