De jonke Lëtzebuerger Nationalspiller huet d'lescht Saison an Däitschland gespillt.

Et gouf scho méi laang Rumeuren ëm dëse Wiessel, elo ass en offiziell. Den Ex-Bierchemer Olivier Goergen, dee seng Goler d'lescht Saison fir d'HSG Siebengebirge a fir d'HBD Löwen Oberberg an Däitschland geschoss huet, wiesselt bei den HB Diddeleng.

Et ass e weidere Wiessel mat Symbolcharakter, deen den Zukunftsplang vum HBD ënnermauert.