Noah a Kenza Pop, wéi och de Gilles Seywert si Champion
E Sonndeg war zu Monnerech den Outdoor-Championnat am Target.
62 Bouschéisser waren e Sonndeg bei schlechtem Wieder zu Monnerech am Asaz. An der Kategorie Recurve bei den Häre konnt sech den Noah Pop vum Guillaume Tell Strassen (GTS) am Shoot of géint de Jérôme Ansel vu Monnerech duerchsetzen. D'Bronzemedail goung un de Stroossener Luc Schuler. De Jeff Henkels huet aus private Grënn net deelgeholl. Bei den Dame war nëmmen eng Athletin mat dobäi.
An der Kategorie Compound konnt sech iwwerraschend d'Kenza Pop (GTS) virum Mariya Klein mat nëmmen engem Punkt Avance behaapten. D'Schwëster vum Noah Pop huet ee perséinleche Rekord geschoss an ass mam Landesrekord vun 146 vun 150 gläich gezunn.
Bei den Häre war de Gilles Seywert dee Stäerksten. Sëlwer war fir den Arnaud Hocevar. Komplettéiert gouf de Podium vum Philippe Jentges vun Diddeleng.
D'Detailer vun de Resultater fannt dir op Ianseo.net.