No der souveräner Victoire géint Georgien an der Néierlag géint Italien hunn d'FLH-Dammen en Dënschdeg géint eis belsch Noperen de Kierzere gezunn.

Am drëtte Gruppematch vun der U19-Championship a Georgien krut et Lëtzebuerg en Dënschdeg de Moie mat der Belsch ze dinn. De Gewënner vum Match hätt sech eng gutt Ausgangspositioun, fir d’Halleffinall kënne verschafen. Entspriechend intensiv a kämpferesch war schonn d'Ufanksphas.

D'FLH-Formatioun hat de bessere Start an dës Partie erwëscht an ass fréi duerch e Gol vum Laura Ciufoli a Féierung gaangen. D'Belsch hat awer eng séier Äntwert parat an huet sech e Virsprong vun zwee Goler erausgespillt. Ma d’Lëtzebuergerinnen hu net opginn, hu beim Stand vun 10:10 nees ausgeglach a konnten an der 29. Minutt duerch e weidere Gol vum Lea Steichen mat 15:14 a Féierung goen. Dëse knappe Virsprong huet allerdéngs net bis an d’Paus gehalen – e séiere belsche Tempo-Géigestouss huet fir d'16:15-Pauseresultat fir d'Belsch gesuergt.

Nom Säitewiessel war et erëm d’Laura Ciufoli, déi op 16:16 ausgeglach huet. Eng Serie vun technesche Feeler an onkonzentréierten Ofschlëss huet Lëtzebuerg dunn den Uschloss kascht. D’Belsch huet dës Schwächt konsequent ausgenotzt a sech op 23:17 ofgesat. Obwuel sech déi Lëtzebuerger U19-Dammen nach eemol op 4 Goler erugekämpft hunn, huet d’Konzentratioun virum Gol gefeelt. Eis belsch Noperen hunn den Ecart clever verdeedegt a konnten dësen tëschenzäitlech esouguer op 8 Goler ausbauen. Um Enn konnt sech d’Belsch 34:28 behaapten. Dës Victoire huet si an eng gutt Ausgangspositioun fir d’Qualifikatioun fir d'Halleffinalle bruecht.

Mat 13 Goler war d’Laura Ciufoli bescht Scorerin vum Match. Och d’Lea Steichen huet mat 6 Goler iwwerzeegt. Eng gutt Prestatioun huet och déi Lëtzebuerger Keeperin Barbara Fangueiro, déi duerch hir vill Paraden eng nach méi héich Néierlag verhënnert huet.

D'FLH-Damme bleiwen trotzdeem am Tournoi a spillen e Mëttwoch géint Groussbritannien. Mat enger Victoire géifen d'Lëtzebuergerinnen ëm déi Plazen 5 bis 8 kämpfen.