De Fauja Singh ass am Alter vun 114 Joer gestuerwen

© AFP
D'Laf-Ikon ass bei engem Verkéiersaccident a sengem Heemechtsduerf Bias am indesche Bundesstaat Punjab ëm d'Liewe komm.
De Fauja Singh, e Brit, deen an Indien gebuer gouf, war och e puer Mol zu Lëtzebuerg. 2010 ass hien um Stater Nuetsmarathon déi 21 Kilometer matgelaf. Ee Joer méi spéit war hien am Alter vun 99 Joer mam Ultrasportler Joey Kelly mat dobäi.
Réischt mat 89 Joer ass de Fauja Singh nom Doud vu senger Fra an engem vu senge Jonge bei de Lafsport komm. Hie gouf zu enger internationaler Ikon, huet déi Olympesch Flam zu Athen an zu London gedroen an huet mat Stare wéi David Beckham a Muhammad Ali Reklamme gedréint. Seng Kraaft a Vitalitéit hat de Singh reegelméissegen Trëppeltier a senger Ernierung ze verdanken.
De Fauja Singh zielt zwar als eelste Marathonleefer vun der Welt, hie gouf awer net an d'Guinness-Buch vun de Rekorden opgeholl. Säin Alter konnt offiziell net nogewise ginn. D'Laf-Ikon soll senger Famill no den 1. Abrëll 1911 op d'Welt komm sinn.
Och den indesche Premier Narendra Modi huet säi Bäileed fir den Doud vum Fauja Singh wësse gedoen.