De fréieren Trainer vum FC Déifferdeng 03 geet an déi zweet Liga an der Tschechescher Republik.

Am Fréijoer hate sech de Pedro Resende an den FC Déifferdeng 03 no zwee Championstitelen dorop gëeenegt, an Zukunft getrennte Weeër wëllen ze goen. Nom Doublé hei zu Lëtzebuerg huet de Resende elo an der Tschechescher Republik en neien Challenge ugeholl. Hie gëtt Cheftrainer vum SK Dynamo Ceske Bodejovice. De Veräin spillt an der zweeter Liga an der Tschechescher Republik.

Hei zu Lëtzebuerg souz de Portugis nieft Déifferdeng och bei der Jeunesse, beim RM Hamm Benfica, zu Rouspert a bei der US Esch um Trainerstull.

RTL

© SK Dynamo Ceske Bodejovice / Facebook