Spuenien no verdéngter Victoire géint d'Schwäiz an den 1/2-Finallen

© AFP / FABRICE COFFRINI
E Freideg den Owend stoung bei der Futtball-EM vun den Damme mat der Partie Schwäiz géint Spuenien déi drëtt Véierelsfinall um Programm.
Virdru konnte sech schonn Italien mat enger 2:1-Victoire géint Norwegen an England mat engem Succès géint Schweden am Eelefmeterschéisse fir d'1/2-Finalle qualifizéieren.
E Freideg den Owend huet déi Schwäizer Lokalekipp mat enger engagéierter Leeschtung laang dergéint gehalen, ma um Enn huet sech d'Qualitéit vun de Spuenierinnen a Form vun enger verdéngter 2:0-Victoire duerchgesat.
Am Wankdorf Stadion zu Bern hat Spuenie vun Ufank un d'Kontroll iwwert de Ball, sou datt déi éischt offensiv Aktiounen net laang op sech waarde gelooss hunn. No nëmmen aacht Minutten huet d'Arbittesch dann op den Eelefmeterpunkt gewisen, nodeems d'Nadine Riesen d'Mariona un d'Fale bruecht hat. D'spuenesch Stiermerin huet et da selwer probéiert an de Ball mat engem flaache Schoss knapps lénks laanscht de Gol gesat. Trotz dem mëssgléckten Eelefmeter war Spuenien weider déi besser Ekipp. Ma dacks wollte si et ze komplizéiert maachen, sou datt et géint leidenschaftlech Schwäizerinnen mat engem 0:0 an d'Paus gaange war.

Nom Säitewiessel huet sech d'Schwäiz dann e Stéck méi no vir getraut, ma dat huet näischt doru geännert, datt Spuenie weider besser am Match war. No 66 Minutte konnte sech d'Spuenierinnen dann och endlech fir hir gutt Leeschtung mat der verdéngter Féierung belounen.
No enger preziser Pass vum Aitana huet d'Athenea de Ball ouni Contrôle direkt erageschoss an domat op 1:0 gestallt. Elo war de Knuet lass an den zweete Gol huet net laang op sech waarde gelooss. Nëmme fënnef Minutte méi spéit huet d'Claudia Pina mat engem Sonndesschoss an de Wénkel op 2:0 erhéicht. Bis zum Schluss konnt d'Schwäiz virun den eegene Spectateuren näischt méi um Spillstand änneren a sou hu si sech um Enn missen trotz kämpferescher Leeschtung geschloe ginn.
Och wann d'Gaaschtland elo net méi bei der EM derbäi ass, esou gouf d'Schwäizer Ekipp laang vun de Fans gefeiert an och déi spuenesch Spillerinnen hunn hir gratuléiert a sech an zwou Reien opgestallt, wéi se aus dem Stadion gaangen ass – e ganz emotionalen Ament.
E Samschdeg gëtt am Duell tëscht Frankräich an Däitschland dann nach decidéiert, wien an den 1/2-Finallen op Spuenien trëfft.
