Am Schwamme konnt sech de Finn Kemp bis elo net fir eng Halleffinall qualifizéieren. Fir d'Anna Zens war et den Out am Fechten an der 1/32-Finall.

Vum 16. bis de 27. Juli fannen d'World University Games, déi sougenannt Universiad, an Däitschland statt.

Bis elo ware mam Finn Kemp am Schwammen a mam Anna Zens zwee Lëtzebuerger Athleten an Athletinnen am Asaz.

De Finn Kemp ass an den éischten Deeg 3 Competitioune geschwommen. Iwwer 100 Meter Brasse gouf de Schwëmmer den 32. ënner 56 Athleten. Liicht besser ass et iwwer 200 Meter Quatre Nages gelaf. Hei huet de Kemp sech op der 25. Plaz klasséiert. 43 Schwëmmer hunn do deelgeholl. An enger weidere Course konnt de Lëtzebuerger sech iwwer 200 Meter Brasse op der 22. Plaz ënner 45 Participante placéieren. An den 3 Courssen ass et net duergaange fir sech fir eng Halleffinall ze qualifizéieren.

Am Fechten war d'Anna Zens den éischten Dag vun de Competitiounen am Asaz. An hirem Grupp huet Zens sech op der gudder 2. Plaz klasséiert. An der 1/32-Finall huet sech d'Lëtzebuergerin awer missen der Italieenerin Elena Ferracuti mat 7:15 geschloe ginn.