Spuenien klappt Däitschland a spillt an der Finall géint England

© MIGUEL MEDINA / AFP
Um Mëttwoch Owend stoung bei der Futtball-EM vun den Damme mat der Partie Däitschland géint Spuenien déi zweet Halleffinall um Programm.
Um Enn huet sech Spuenien géint Däitschland mat 1:0 no Verlängerung duerchgesat. Zu Zürich hunn d'Spectateuren eng Partie gesinn, an där Spuenien méi vum Spill hat, Däitschland sech awer mat vill Asaz gewiert huet. No 90 Minutte stoung et deemno 0:0 gläich. An der Verlängerung gouf et bis an 113. Minutt keng nennenswäert Aktioun. Aus dem Näischt konnt d'Aitana de Ball am Filet ënnerbréngen an d'Partie fir hir Faarwen entscheeden.
An der nächster Ronn heescht de Géigner fir Spuenien elo England. D'Finall gëtt e Sonndeg um 18 Auer am St. Jakob-Park zu Basel ugepaff.
Resumé vun der Partie
Et war e rouege Start an d'Partie, an der 8. Minutt wier Däitschland bal mat 1:0 a Féierung gaangen. No engem laange Ball ass d'Bühl eleng viru spuenesche Gol opgedaucht, konnt de Ball awer net cadréieren. Spuenien koum réischt no ronn 20 Minutte geféierlech virun de Gol. D'Berger konnt de Schoss vum Esther awer paréieren. Däitschland huet Spuenien de Ball iwwerlooss konnt awer bis 5 Minutte virun der Paus gutt dogéint halen. Ab der 40. Minutt ass Spuenien e puer Mol geféierlech virun de Gol komm. Fir d'éischt ass e Fräistouss just knapp laanscht de Gol gaangen. Eng Duebelchance gouf et an der 41. Minutt. D'Esther hat knapp verzunn a kuerz drop ass dem Paredes säi Kappball um Potto gelant. An der Nospillzäit huet d'Berger nees e Versuch vum Esther misse paréieren.
No der Paus ass et mat der spuenescher Dominanz weidergaangen, an enger éischter Phas sinn awer grouss Geleeënheeten ausbliwwen. Däitschland huet sech just sporadesch no vir getraut, koum dobäi awer net geféierlech virun de spuenesche Gol. An de leschte 15 Minutte vun der regulärer Spillzäit huet Däitschland sech komplett zréckgezunn. Spuenien huet ronderëm de Strofraum awer ze komplizéiert agéiert. An der 85. Minutt hat d'Bühl déi grouss Chance op den 1:0 fir Däitschland. Den direkte Fräistouss war awer net cadréiert. An der Nospillzäit huet d'Paralluelo no enger secker Flank de Ball net méi areecht. Kuerz drop war et awer déi spuenesch Golkippesch, déi en ofgefälschte Ball mat enger schéiner Parad ofgewiert huet, soss wär Däitschland an der leschter Sekonn de Lucky Punch gegléckt. Et war déi lescht Chance an et goung deemno an d'Verlängerung.
An der 1. Hallschent vun der Verlängerung ass näischt viru béide Goler geschitt. Nom Säitewiessel gouf et bis an d'113. Minutt keng Chance. Däitschland konnt dunn de Ball net klären, an d'Aitana huet profitéiert, fir den 1:0 ze markéieren. Däitschland konnt an der Suite net méi reagéieren an et blouf bei beim 1:0-Succès fir Spuenien.