Vibball kritt keng Entschiedegung wéinst Formfeeler
RTL-Informatiounen no gouf eng Decisioun am Dossier Vibball geholl.
Et geet hei jo ëm den Transfert vun 39 Lizenzen vum Iechternacher Club eriwwer bei d’EastSide Pirates Berbourg an Arantia Larochette.
Vibball hat Indemnitéite gefrot, wat an der Reegel och legitim wier, mee wéinst engem Formfeeler hätt de Club kee Recht op dës finanziell Entschiedegung, sou de Verdikt vum Tribunal Fédéral vun der FLBB.
Wat war geschitt?
D’Trainerin hätt Enn lescht Joer einfach decidéiert, déi ronn 150 Kanner a Jugendlech net méi ënnert den aktuelle Konditiounen ze trainéieren! D’Kanner spillen elo an anere Veräiner an déi waarden op d'Lizenzen an d'Spiller sollen och nach fir Indemnisatioune vis à vis vum Basket Vibball opkommen. D’Affär ass esou verwurrelt, dass d’Tribunal vun der Lëtzebuerger Basketfederatioun elo bis Enn der Woch eng Decisioun wollt huelen.
D’Geriicht vun der Lëtzebuerger Basketball-Federatioun souz en Donneschdeg den Owend eng Stonn beieneen an huet souwuel dem accuséierte Club, wéi och de Vetrieder vun deene Veräiner nogelauschtert, déi déi jonk Iechternacher Spiller elo bei sech opgeholl hunn. D’Eltere sinn entsat iwwer dat wat am November geschitt ass a virun allem d’East Side Pirates, dee Miseler Club, deen ëmmerhin 38 Spiller iwwerholl huet, beschwéiere sech iwwer d’Konditioune vun der Stee. Vibball hätt wéinst dem Transfer respektiv Wiessel vun de Kanner a Jugendlechen, gär 18.000 Euro Indemnisatioun vun hinnen.
Fir d’Tribunal vun der FLBB huet den Alphonse Berns geschwat; fir hie schéngt et kloer hei ëm Geld ze goen, wat d’Trainerin a Cheffin vum Vibball, Yldikò Vass, awer kategoresch zeréckweist. Si géingen d’Kanner ëmmer nach zu Iechternach trainéieren, allerdéngs an der Jugendherberg, mee u sech wiere si elo an der Hal vun der International School doheem. A si géifen och weider Iechternacher Kanner trainéieren a Championnat spille loossen. D’Eltere soe sech net informéiert iwwer de Stopp vum Training, d’Kanner hätte virun der zougespaarter Hal gestanen a wieren elo forcéiert, de Club ze wiesselen.
De Vibball Iechternach hat sech de 27. Juli an engem offizielle Statement zu Wuert gemellt: