De Sprong aus der Jugend an den 1. Ekippskader ass grouss. Do spillen dacks vill Facteure mat, ob a wéi séier et klappt oder net. D’Ambitiounen an d’Tabellepositioun vun de Clibb sinn decisiv, donieft awer och, wat fir eng extern Spiller geholl goufen, fir dës Ziler ze erreechen a wéi ee Budget zur Verfügung steet. Béi deenen enge Clibb klappt dat besser, bei deenen anere manner gutt. Dat erkennt een och um Beispill Stroossen an Hueschtert, mee dat zielt och net nëmme fir déi zwou Ekippen. Déi eng wëllen an der BGL Ligue vir mat spillen, déi aner dogéint konzentréiere sech prinzipiell op de Maintien. Da fält d'Integratioun vun den Nowuess-Talenter en Tick méi einfach.
Henri Bossi – Sportdirekter US Hueschtert: "Bei eis ass den Drock einfach do, datt mir mussen oder sollen ëmmer an der BGL Ligue bleiwen. Mat all deenen Ënnerstëtzungen, déi d'UEFA eis awer gëtt, ouni dat ass et schwéier. Mee egal wou ech sinn, priedegen ech, datt mir méi mussen an eis Jugend investéieren. Do feelt et nach e bëssen. Et gi sécherlech lo Leit, déi dat net gären héieren, mee dat ass eng Tatsaach."
Arno Bonvini – Sportdirekter UNA Stroossen: "De Plang, fir déi Jonk ze integréieren, ännert och e bësse mat der Positioun, wou s de um Enn vun der Saison bass. Wann s de méi an der Mëtt oder méi ënnen am Tableau stees, dann ass d'Integratioun méi liicht. Ech soen net, mir hunn d'Obligatioun fir europäesch ze spillen, guer net. Et huet een awer ëmmer dat Zil an dann ass d'Integratioun no de Juniore schwéier. De Sprong ass eebe grouss."
Datt Nowuess-Talenter am Grand-Duché sinn ass kloer. Dat konnt een och e Mëttwoch am Stade an de Millewisen gesinn. Trotzdeem awer och wat eventuell nach feelt, fir de Sprong an de Seniors-1-Kader ze packen. Do muss ee realistesch bleiwen a virun allem Gedold hunn. An awer mussen och d’Clibb matspillen.
Henri Bossi – Sportdirekter US Hueschtert: "Déi Jonk kënne Futtball spillen, mee et muss een och de Veräin an den Trainer hunn, déi op se bauen. Si mussen och mol Feeler kënne maachen. D'Politik intern muss einfach geännert ginn. Dat probéieren ech d'nächst Saison méi radikal ze maachen, wann de Veräin dat wëllt."
Arno Bonvini – Sportdirekter UNA Stroossen: "Ech si jo scho laang dobäi an hunn och d'Bouwen trainéiert. Et gëtt ëmmer gesot, mir mussen d'Jongen integréieren. Dat ass richteg, mee d'Jonge mussen och Gedold hunn. An et ass wéi ech grad gesot hunn. Wat s de méi héich spills, da muss déi Gedold méi grouss sinn. D'Jonge musse wëssen, datt de Sprong vun der U19 an de Seniorsberäich grouss ass."
D’Integratioun vun de Jugendspiller hänkt awer net nëmme vun de Veräiner of, mee och vun de Lëtzebuerger Talenter selwer. Warscheinlech déi Meescht dreemen dovun, spéiderhi vum Futtball kënnen ze liewen. Da läit de Wee an d’Ausland op der Hand. Dat denke sech och den Hueschterter Luca Cungs respektiv de Stroossener Ivan Marques, déi schonn e puer Matcher an der ieweschter Divisioun am nationale Futtball gespillt hunn.
Luca Cungs – US Hueschtert: "Dat muss een dëst Joer kucken. Ech hunn nach ee Joer Lycée an da muss ech kucken, wat ech maachen. Am léifste wéilt ech dëst Joer an der BGL Ligue Fouss faassen an duerno kucken, wat op mech zoukënnt. Et weess een ni wat am Futtball geschitt, dat ka ganz séier goen."
Ivan Marques – Golkipp UNA Stroossen: "Déi Matcher ware gutt. Dat Bescht ass einfach an d'Ausland ze kommen. Och wann d'BGL Ligue net schlecht ass, wëll ech méi héich gräifen."
Jonk Talenter an den 1. Ekippskader anzebauen, ass an der aktueller Constellatioun deelweis en Däiwelskrees. Déi ganz Gutt packen de Sprong an d’Nowuess-Akademien am Ausland. Déi aner mussen och an der BGL Ligue déi néideg Gedold hunn, fir sech do längerfristeg duerchzesetzen. Och wann all Veräin seng eege Responsabilitéit huet, kéint een och mat aner Initiative fir Ännerunge suergen. Ufank August hat de Wëlzer President Michael Schenk am RTL-Interview eng interessant Ausso zu deem Thema gemaach.
Michael Schenk – President FC Wooltz 71: "Ech hu scho virun e puer Joer d'Iddi an de Raum gehäit, déi éischt Lizenzen ze ersetzen duerch Spiller, déi am eegene Veräin forméiert gi sinn, soudatt och d'Veräiner eng Obligatioun kréien an d'Jugend ze investéieren. Ee Spiller, deen da bei dir ausgebilt gi wär, ass fir een anere Veräin natierlech manner interessant an da kréie mer villäicht d'Salairen och an deem Sënn erof, well vill éischt Lizenze wësse jo och, datt se eng gewëss Valeur hunn, fir da just um Bou ze stoen. Dat ass e bësse schued. Et si vill gutt Lëtzebuerger Spiller, déi an d'Ausland ginn an ech denken, datt mer awer kënnen och an enger BGL Ligue mat 16 Ekippe ville jonke Spiller Spillpraxis ginn an da kéinte mer den Niveauen drënner och nach eng Kéier bëssen an d'Luucht hiewen. Also dat wär schonn eng Méiglechkeet."
Den U19-Supercup konnt um Enn d’UNA Stroossen mat 4:2 fir sech entscheeden. De Lëtzebuerger Champion preparéiert sech op d’Qualifikatioun fir d’UEFA Youth League am September, wou et déi Stroossener mat Cardiff Met FC ze di kréien.