E Sonndeg war de leschten Dag vun der Weltmeeschterschaft am Schwammen zu Singapur.

D'Lëtzebuerger Julien Henx, Rémi Fabiani, Joao Carneiro a Ralph Daleiden Ciuferri sinn um leschten Dag iwwer 4x100 Meter 4Nages gestart. Um Enn hunn déi véier Lëtzebuerger no 3 Minutten, 40 Sekonnen an 99 Honnertstel ugeschloen a ginn déi 22. ënner 26 Staffelen.

Den ale Rekord vun der EM 2024 zu Belgrad louch bei 3 Minutten, 41 Sekonnen a 40 Honnertstel.