Den däitsche Futtball ass am Trauer. Wéi däitsch Medie mellen, ass de Frank Mill an der Suite vun engem Häerzinfarkt gestuerwen.

Hien ass 67 Joer al ginn.

Wéi d'Bild-Zeitung mellt, hat de Frank Mill den Häerzinfarkt schonn am Mee. E war um Wee an Italien, wou en Documentaire iwwert d'Futtball-Weltmeeschter vun 1990 sollt gedréint ginn. No der Landung zu Mailand ass hie mat engem Helikopter an d'Spidol bruecht ginn. Spéider gouf hien zu Essen behandelt.

De Frank Mill huet an 386 Bundesligamatcher net manner wéi 123 Goler geschoss. Als Profi war hien als éischt bei Rot-Weiss Essen ënner Kontrakt, éier e bei Borussia Mönchengladbach gewiesselt ass, an duerno bei Borussia Dortmund. Seng lescht Statioun am Profi-Futtball hat hie bei Fortuna Düsseldorf.