Lëtzebuerger Schwëmmer wannen 11 Medaile bei Masters-WM zu Singapur

© Photo by FRANCOIS-XAVIER MARIT / AFP
D'Lëtzebuerger Schwëmmer konnten op der Masters-WM zu Singapur mat 11 Medailen an 21 nationale Rekorder iwwerzeegen.
D'Lëtzebuerger Masters-Schwëmmer komme mat enger ganzer Rei Medaile vun de World Aquatics Masters Championships zu Singapur zeréck. Insgesamt huet d'Delegatioun vu Veräinsschwëmmer fënnef Gold-, zwou Sëlwer- a véier Bronzemedaile gewonnen. Do dobäi kommen och nach 21 nei Lëtzebuerger Masters-Rekorder an ee Championnat-Rekord.
Un der Spëtzt vun der Medaile-Lëscht stoung de Frédéric Tonus (Luxembourg Sharks, 50–54 Joer), dee Gold am 100m Crawl an am 50m Papillon gewonnen huet – déi lescht Distanz an engem Championnat-Rekord vu 26,25 Sekonnen. Hien huet och nach Sëlwer am 200m Papillon, a Bronze am 100m Papillon an am 400m Crawl matgeholl.
De Frédéric Tonus huet domat schonn déi véierte Kéier hannertenee Gold bei der Masters-WM gewonnen.
D'Malin Nilsson (Swimming Luxembourg, 50–54) huet zwou Goldmedailen am 100m an 200m Crawl bäigedroen, wärend de Max Mannes (Schwammclub Déifferdang, 25–29) Gold am 100m Réck a Bronze am 50m Réck gewonnen huet. D'Carole Kettenmeyer-Reuland (Dauphin Ettelbruck, 45–49) huet Sëlwer am 400m 4 nages gewonnen a konnt bei senge fënnef Evenementer all Kéier en neie Lëtzebuerger Masters-Rekord opstellen.
Gutt Leeschtungen huet och d'Jil Pocervina (Swimming Luxembourg, 35–39) gewisen, dat mat dräi nationale Masters-Rekorder am Réck an enger 6. Plaz am 400m 4 nages souwéi enger 8. Plaz am 100m Réck. Weider Podiumsplaze goufe beluecht vum Olivia Lorton (Luxembourg Sharks, 50–54), wat Bronze am 200m Crawl gewonnen huet, a vum Nora Bohler (Schwammclub Déifferdang, 25–29), wat verschidden Top-10-Resultater hat, dorënner och en nationale Rekord am 100m Papillon.
Am Ganze konnten d'Lëtzebuerger Schwëmmer 15 Top-10-Plazen erreechen, zousätzlech zu hire Medailen.