De Match Lëtzebuerg vs. Färöer Inselen um 19.30 Auer am Stream op RTL.lu
D'Lëtzebuerger U21-Nationalekipp am Futtball start en Dënschdeg an d'Qualifikatioun fir d'EM 2027 an Albanien an a Serbien.
U sech sollt Lëtzebuerg e Freideg schonn an d'EM-Qualifikatioun starten, ma en Donneschdeg den Owend koum et tëscht Rennes a Lorient zu engem Accident, an deen de Bus vun der Lëtzebuerger U21-Futtballnationalekipp verwéckelt war. Fënnef Membere vun der FLF-Formatioun hate missen hospitaliséiert ginn.
Ganz vill Zäit, fir sech vun deem Schock ze erhuelen, hat d'Ekipp vum Mario Mutsch net. En Dënschdeg den Owend muss ee géint d'Färöer Inselen untrieden.
De Match vun de jonke roude Léiwe gëtt zu Esch op der Grenz gespillt.
Déi néng Gruppenéischt an de beschte Gruppenzweete qualifizéiere sech direkt fir d'U21-Europameeschterschaft. Déi aacht aner Gruppenzweet ginn an de Playoff.
Ufank vum Match: 19h30
Viraussiichtlecht Enn vum Match: 21h30
De Livestream ass ouni Commentaire.
FLF-Selektioun
Golkippen:
Joao Alves Margato (Progrès Nidderkuer)
Fabian Heck (1. FC Kaiserslautern, Däitschland)
Ben Schmit (SV Eintracht Trier 05, Däitschland)
Defenseuren:
Massimo Agostinelli (FC Ingolstadt, Däitschland)
Christophe Andrade Brites (Jeunesse Esch)
Miguel Fernandes (FC 08 Homburg, Däitschland)
Sofiane Ikene (Rot-Weiß Erfurt, Däitschland)
Clayton Irigoyen (FV Illertissen, Däitschland)
Jose da Silva dos Paciencia Aston (PSV Eindhoven, Holland)
Fabio Lohei (SV Eintracht Trier 05, Däitschland)
Yohann Torres (FC Rodange 91)
Mëttelfeldspiller:
Rayan Berberi (Olympic Charleroi, Belsch)
Enzo De Pina Duarte Dos Santos (Borussia Dortmund, Däitschland)
Ivan Englaro (F91 Diddeleng)
Tim Flick (Jeunesse Esch)
Roni Klisurica (Jeunesse Esch)
Diogo Monteiro de Oliveira (F91 Diddeleng)
Stiermer:
James Alves Rodrigues (Gil Vicente, Portugal)
Fabio Domingos (Paris Saint-Germain, Frankräich)
Diego Duarte (FC Metz, Frankräich)
Leon Elshan (Jeunesse Esch)
Flavjo Hoxha (Borussia Mönchengladbach, Däitschland)
Jayson Videira (1. FSV Mainz 05, Däitschland)
Tabell

© Screenshot