De leschte Weekend gouf an der Regioun vu Bièvre an der Belsch den 23. Rallye de la Semois gefuer, dat och mat Lëtzebuerger Bedeelegung.

D'Starterfeld hat et nawell a sech. Net manner wéi 5 Porsche 911 huet een an der Nennlëscht fonnt. Dat goung vun 997 GT3, iwwer 991 GT3 bis hin zum ganz aktuellen 992 Rally GT. Dozou hu sech dann nach Autoen aus der Rally2-Kategorie, respektiv R5e gesellt, séier BMWen a Mitsubishi Evo, fir just déi ze nennen. Alles an allem stoungen net manner wéi 94 Autoen op der Startlëscht. Dobäi koumen 32 Autoen an der Historescher an Demo-Kategorie.

Klore Favorit op d'Victoire waren de Loïc Pirot an de Jean-Baptiste Bodet um Porsche 992 Rally GT. Där Favoritteroll si si och gerecht ginn. No 146 chronometréierte Kilometer, verdeelt op 12 Speciallen, gewanne si mat 36 Sekonne Virsprong viru Kevin van Deijne an Hein Veschuuren um Skoda Fabia RS Rally2.

De Bob Kellen an d'Nathalie Hoffmann hate mam Ford Escort MKII all Hänn voll ze dinn, fir sech géint déi méi staark motoriséiert Porschen ze behaapten. Si konnte sech mat enger zweetbeschter Zäit am Generalklassement op der 4. Special awer op déi 3. Plaz no vir kämpfen... si hu sech e spannenden Duell mam Johannes Kessel an dem Hans-Peter Loth um BMW M3 E46 Compact geliwwert, dee kuerz drop awer mat technesche Problemer huet mussen opginn. De Bob Kellen huet déi 3. Plaz bis zum Schluss konnte verdeedegen a stoung um Enn mat um Podium. E Resultat, mat deem hie selwer net gerechent hat, wéi en am Gespréich nom Rallye zouginn huet.

Hien huet de Sébastien Luis um Peugeot 208 T16 konnten op Distanz halen, dat mat 1min10 Virsprong. Op Plaz 5 koum de Fréderic Quoniou um Porsche 997 GT3 Cup.

Op Plaz 25 fanne mer dann de Belsch Fabian Leroy, dee mat der Lëtzebuerger Copilotin Martine Victor op engem Citroën C2 R2 Max ugetrueden ass. Dat war Plaz 5 an hirer Klass.

Op Plaz 41 an d'Zil kommen de Chris Koenig an d'Nora Michels um Citroën Saxo VTS.