No 19 Joer ass den Geraint Thomas bei der Tour of Britain seng lescht Proficourse gefuer. Déi lescht Etapp huet duerch seng Heemecht Wales gefouert.

RTL

© Darren Staples / AFP

D'Organisateuren haten de Schluss vum Tour extra op Cardiff verluecht, fir dem Thomas e wierdegen Ofschloss vu senger Karriär z'erméiglechen. Den Trajet huet ronn 100 Meter laanscht säin Elterenhaus, a laanscht dee Pub gefouert, an deem hie säin éischte Pint gedronk hat. Trotz dem ville Reen waren dausende Fans komm, fir dem Jong aus hirer Stad eng leschte Kéier z'applaudéieren. Vill haten de Nationalfändel dobäi, oder eng grouss Mask mat sengem Gesiicht drop. Seng Géigner stoungen zum Schluss Spaléier.

RTL

Den Geraint Thomas war 19 Joer laang Profi. Säi gréisste Succès konnt hien 2018 feiere mat der Victoire am Tour de France. Zwou weidere Kéiere stoung hien zu Paräis mat um Podium. Ugangs vu senger Karriär war den Thomas och hei zu Lëtzebuerg erfollegräich, wéi hien 2006 d'Flèche du Sud gewonnen hat. Donieft konnt den 39 Joer ale Profi och op der Bunn vill Succès verbuchen. Dräi Weltmeeschtertitelen an zwou Olympiavictoirë stinn a sengem Palmarès.

Bei senger Ekipp Ineos-Grenadiers (fréier Team Sky) soll den Geraint Thomas an Zukunft eng Managerroll iwwerhuelen.

RTL

© Darren Staples / AFP