Diddeleng géint Red Boys vun 19.55 Auer u live
D'Partie gëtt mat Commentaire an der RTL Live Arena gewisen.
De Weekend gëtt am nationalen Handball-Championnat bei den Hären den 3. Spilldag gespillt. Fir Diddeleng ass et deen éischte Match, déi lescht zwee Weekender war een am European Cup gefuerdert. Géigner sinn d'Red Boys, déi bis ewell hir zwee Matcher an dëser Saison gewonnen hunn.
Um 20.15 Auer ginn donieft nach d'Matcher Käerjeng-Esch, Standard-Rëmeleng an Dikrech-Bierchem gespillt. Et ass deen éischte komplette Weekend am Championnat.
Och bei den Dammen ass et e Samschdeg den Owend de kompletten drëtte Spilldag. Um 18 Auer spillt Diddeleng géint de Museldall, d'Red Boys kréie Besuch vum Standard a Käerjeng muss géint Esch untrieden.
Alleguer d'Matcher kënnt Dir an der RTL Live Arena kucken.