Um uerdentleche Kongress zu Wickreng huet d'FLBB den neien Dammennationaltrainer Patrick Unger präsentéiert.

Nodeems d'Basketfederatioun viru Wochen entscheet hat, e Successeur fir de laangjäregen Trainer Mariusz Dziurdzia ze sichen, gouf um Samschdeg de Moien de Patrick Unger als neie Coach vun der Ekipp virgestallt. Den 42 Joer alen Däitsche war 2018-2020 Dammennationaltrainer vun Däitschland an huet jorelaang de Club Marburg an der éischter däitscher Bundesliga trainéiert. Hie war och am Jugendberäich aktiv, souwuel op Clubniveau wéi och an U-Kadere vun der däitscher Nationalekipp.

Éischt Matcher am November

D'Lëtzebuerger Damme spillen am November an der EM-Qualifikatioun géint Irland, Israel a Bosnien-Herzegowina. Hei wäert den neien Trainer offiziell säin Debut mat der Ekipp feieren.