Den Hollänner war um Enn de Séierste virum Carlos Sainz an dem Liam Lawson.

An engem Qualifying, dee fënnef Mol wéinst Crashen ënnerbrach gi war, huet sech um Enn de Red-Bull-Pilot d'Pole Position geséchert. Duerch déi vill Ënnerbriechunge sinn de Carlos Sainz (Williams) an de Liam Lawson (Racing Bulls) iwwerraschend op d'Plazen 2 an 3 gefuer. De Kimi Antonelli an den George Russell sinn op der 4. an der 5. Plaz iwwer de wäisse Stréch gefuer.

Fir Ferrari a fir McLaren war et en enttäuschende Qualifying. De Leclerc war am Q3 agerannt a gouf den 10.. Fir den Hamilton war et den Out am Q2. Och de Piastri war an d'Mauer gerannt a gouf den 9.. Den Norris gouf de Siwenten.

De Q1 hat zweemol missen ënnerbrach ginn. Fir d'éischt ass den Albon an enger Kéier liicht an d'Mauer gerannt. Dem Pilot war näischt geschitt, mee den Auto huet misse geraumt ginn. Kuerz drop ass dem Hülkenberg (Sauber) dat selwecht geschitt. Den däitsche Pilot konnt esouguer weiderfueren, hat et awer net an de Q2 gepackt. Nieft dem Albon an dem Hülkenberg war et och fir béid Alpine-Pilote Gasly a Colapinto eriwwer. Den Ocon (Haas) huet et och net an déi nächst Ronn gepackt.

De Verstappen war de Séiersten am Q2, deen duerch e Crash vum Bearman och nees gestoppt gouf. De Britt huet den Auto missen ofstellen. Den Out war et iwwerraschend fir de Lewis Hamilton op Ferrari. Béid Aston-Martin-Piloten Alonso a Stroll an de Bortoleto (Sauber) sinn och net weiderkomm.

Den Depart vun der Course ass e Sonndeg um 13 Auer. D'Emissioun kënnt Dir vu 12:15 Auer un op RTL ZWEE an um RTL Play suivéieren.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 QATAR AIRWAYS AZERBAIJAN GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025