E Sonndeg vun 11.00 Auer u kënnt Dir d'Partien aus der Enovos League Dammen am Livestream op RTL.lu an um RTL Play suivéieren.

Fir den Damme-Basket ze promouvéieren huet d‘Lëtzebuerger Basketfederatioun decidéiert, den éischte Spilldag, sonndes den 21. September, op der selwechter Plaz ze spillen.

Moies um 11 Auer geet et lass an de leschte Match ass owes fir 18.30 Auer geplangt.

D‘Matcher ginn och mat engem Ball gespillt, deen extra fir den éischte Spilldag een Design krut. Well mam Gréngewald sech eng Ekipp aus der ieweschter Divisioun zeréckgezunn huet, sinn et dës Saison just nach siwen Ekippen. Dowéinst spillt de Basket Esch ee Frëndschaftsmatch géint Saarlouis. Dat ass um 11 Auer den éischte Match vum Dag.

D'Virschau op d'Saison 25/26 vun den Damme fannt Dir hei.

D‘Matcher vum éischte Spilldag sinn: