Coupe de Luxembourg
Diddeleng, Péiteng, Hueschtert a Stroossen sinn en Tour weider
Stroossen behält géint Gréiwemaacher d'Iwwerhand
D'Ekipp aus der BGL Ligue huet sech mat 3:0 am Stade op Flohr duerchgesat.
Um Samschdeg war d’Suite vun der 2. Ronn an der Coupe de Luxembourg. An de véier Matcher gouf et keng Iwwerraschungen.
Diddeleng huet sech 3 :1 bei der Entente Réimech-Bous duerchgesat. Hueschtert konnt sech mat 4:0 bei der Entente Racing Heischent-Eschduerf behaapten.
Schieren war Titus Péiteng mat 0:4 ënnerleeën a Stroossen huet zu Gréiwemaacher mat 3:0 d'Iwwerhand behalen.
Um Sonndeg stinn déi lescht Partië vun der 2. Ronn um Programm.
Den Iwwerbléck vun de Resultater
Am meeschte gelies