Diddeleng start mat Gläichspill an d'Saison

© Gilles Tricca
Am Spëtzematch hu sech den HBD an Déifferdeng 28:28 getrennt. Bei den Dammen huet de Museldall am Spëtzematch en Ausruffzeeche gesat.
Et war den éischte komplette Spilldag bei den Hären an dëser Saison. Déi zwee viregt Weekenter goufe jeeweils d'Matcher vun Esch an Diddeleng wéinst hire Participatiounen am European Cup verréckelt. An deene véier Matcher war Feier dran, mee just ee sollt bis zum Schluss spannend bleiwen.
Bei den Damme konnt de Museldall a sengem zweete Match géint eng Spëtzenekipp déi éischt Victoire feieren, wärend Käerjeng an Déifferdeng liicht Spill haten.
Axa League Hären
An engem ëmkämpfte Match trenne sech Diddeleng an Déifferdeng 28:28. Et war den éischten Duell tëscht zwee Favoritten op den Titel. Den HBD konnt op d'Euphorie aus dem European Cup vu leschter Woch opbauen, hat an der Red Boys awer e schwéiere Géigner. Déifferdeng huet sech an der leschter Woch nach mat zwee Neizougäng vun Nanzeg (Ilian Goedert an Hakim Jarrar), déi Faillite gaange sinn, verstäerkt.
An den éischte 15 Minutte goung de Match hin an hier a keng Ekipp konnt sech kloer ofsetzen; och well et vill technesch Feeler a Feelwërf op béide Säite gouf. D'Red Boys konnte sech duerno op 3 Goler ofsetzen, mee haten an de leschte Minutte Problemer mat der Diddelenger Defense, déi sech besser op Semedo, Tako a Goedert agestallt krut. Sou konnten d'Fiiss an der 28. Minutt nees d'Féierung iwwerhuelen a mat engem 14:13 an d'Kabinn goen.
Genee wéi an den éischten 30 Minutte huet sech de Spectateuren am zweeten Duerchgang dat selwecht Bild gebueden. Weeder d'Lokalekipp nach Déifferdeng konnte sech entscheedend ofsetzen an et war spannend bis zum Schluss. D'Golkipper op béide Säite konnte sech dacks auszeechnen an hunn dozou bäigedroen, dass de Match enk blouf. Well déi lescht Ugrëff vu béiden Ekippen näischt méi abruecht hunn, blouf et um Enn beim Gläichspill.
Am zweete Spëtzematch vum 3. Spilldag huet sech den HC Standard géint d'Esperance Rëmeleng um Enn kloer behaapt. No 60 Minutte stoung en 30:21 um Tablo.
Béid Ekippe wossten, dass et en immens wichtege Match am Kampf ëm Plaz 6 war - och wann de Standard dës Saison méi héich Ambitiounen huet. A genee esou sinn si an de Match gestart. An enger physesch intensiver éischter Véierelstonn (jeeweils 2 Zäitstrofen) louch d'Lokalekipp ëmmer vir, koum awer ni méi wéi 2 Goler ewech. Rëmeleng konnt duerch zwee Goler vum Vincent Schockmel kuerzzäiteg ausgläichen, mee uschléissend huet de Standard nees de Lead iwwerholl.
Nom Säitewiessel beim Stand vu 15:13 ass d'Lokalekipp mat engem 6:0-Laf gestart a konnt Rëmeleng domat den Zant zéien. Duerno war d'Géigewier vun de Gäscht gebrach a gouf no der Disqualifikatioun fir den David Pfiffer an der 38. Minutt nach méi kleng. De Standard konnt sech e komfortabelt Polster vun 10 Goler erausspillen, woumat d'Bier geschielt war. Fir Rëmeleng steet d'nächst géint Dikrech den zweete wichtege Match hannerteneen um Programm.
Genee dës Dikrecher hunn dem HC Bierchem laang en haarde Kampf gebueden, mee um Enn sollt de Favorit mat 35:28 als Gewënner vum Terrain goen.
An der éischter Hallschent haten d'Réiserbänner alles am Grëff a si mat engem komfortabele Virsprong vun 20:14 an d'Paus gaangen. De Pausentéi schéngt hinnen awer net bekomm ze sinn, well Dikrech mat engem 9:3-Laf an der 42. Minutt nees gläichzéie konnt. Bierchem huet sech bis zur 50. Minutt schwéier gedoen, duerft sech um Enn awer opgrond vun der Cleverness an der méi breeder Bänk iwwer zwee Punkte freeën. De Chev huet kuerz un d'Sensatioun gegleeft an kann dës positiv Momenter mat an de Match géint Rëmeleng huelen.
De Feelstart fir den HB Käerjeng ass perfekt. No dräi Spilldeeg steet ee mat 0:6 Punkten um Wupp vun der Tabell. Och géint den HB Esch souz et eng Néierlag, dës Kéier 25:31. Dobäi hat et laang gutt fir déi Gréng ausgesinn.
Et huet ee Käerjeng ugemierkt, dass si de Feelstart mat aller Kraaft vermeide wollten. Ab der 10. Minutt louch d'Lokalekipp géint de Favorit vir, konnt dës Féierung awer net an d'Paus retten, well Esch zum Schluss hin ëmmer méi staark gouf an och méi prezis geschoss huet. Och nom Säitewiessel huet Käerjeng gutt dogéint gehalen, mee Esch huet seng Erfarung géint déi jonk Käerjenger ausgespillt a konnt sech ab der 50. Minutt entscheedend ofsetzen, fir de Match mat engem um Enn klore Resultat fir sech ze entscheeden. Virun allem de Felix Werdel (9 Goler) an de Luca Tomassini (8) haten hiren Undeel dorun.
Axa League Dammen
Den HB Museldall huet eng éischt Kéier säi Potenzial gewisen an am zweete Match géint eng Toppekipp gewonnen. D'Ekipp vun der Musel huet de Match beim HB Diddeleng mat 29:21 kloer fir sech entscheet. Um éischte Spilldag hat ee géint Käerjeng (21:28) kloer de Kierze gezunn.
Diddeleng hat den Ufank nees verschlof a louch no 10 Minutten 2:5 hannen - d'Fiiss waren de ganze Match iwwer ni a Féierung. Zwou fréier Diddelenger Spillerinnen, d'Fiona Carrara an d'Julie Corbonnois, hunn op Miseler Säit d'Fiedem gezunn an hire fréiere Coequipièren d'Liewe schwéier gemaach. Si koumen um Enn op 3 respektiv 5 Goler. Mee och d'Neizougäng Noemie Hoffmann (6 Goler) a Raïssa Dapina (7) hunn d'Ekipp vum Trainer Jeff Paulus ugedriwwen.
D'Fiiss hunn ni zu hirem Spill fonnt a sinn an der Paus schonn engem Réckstand vu 6 Goler (8:14) hannendru gelaf. Och nom Säitewiessel hunn d'Damme vum Mikel Molitor kee Rezept géint de Museldall fonnt. Déi vill technesch Feeler a Feelpassen op Diddelenger Säit wéi och déi drëtt Zäitstrof vun der Joy Krier hunn dozou bäigedroen. An der 47. Minutt haten d'Gäscht souguer eng Avance vu 14 Goler - déi gréisst Avance am Match - op den amtéierende Coupegewënner. An de leschte Minutte konnt d'Lokalekipp de Score nach e bësse kosmetesch oppäppelen.
De Champion HB Käerjeng huet mam HB Esch kuerze Prozess gemaach. Déi Gréng hunn d'Ekipp vum neien Escher Trainer Laurent Melchior mat 36:8 heemgeschéckt. Déi éischt 10 Minutte waren nach méi enk (7:3), mee duerno war de Motor vum Rekordchampion op Betribstemperatur a Käerjeng konnt bis zur Paus op 22:5 ewechzéien. Och nom Säitewiessel huet d'Lokalekipp Esch ënner der Mark 10 Goler gehalen. D'Käerjengerin Teodora Galic war mat 10 Goler bescht Buteuse.
D'Déifferdenger Dammen hate géint den HC Standard änlech liicht Spill. D'Ekipp vum Michel Scheuren huet mat 39:14 d'Iwwerhand behalen. No engem gudde Start (4:4 an der 10. Minutt) huet de Standard ab der 15. Minutt den Uschloss verluer an d'Red Boys konnte sech bis an d'Paus op 20:8 ofsetzen. D'Stater hunn 13 Minutte gebraucht, fir hiren éischte Gol am zweeten Duerchgang ze markéieren a konnte bis zum Schluss just nach 5 Goler noleeën. D'Victoire vun Déifferdeng war no der Paus ni méi a Gefor.