Wéinst der Futtball-WM-Qualifikatioun gëtt de Weekend net an der éischter Divisioun vum Championnat gespillt.

An der Éierepromotioun rullt awer de Ball. De Match Phare vum 8. Spilldag ass Miersch géint Steesel. Dëse gëtt um 18.30 Auer ugepaff.

Um 20 Auer spillt nach d'Fola géint Berbuerg. Och dee Match kënnt Dir an der RTL Live Arena kucken. Déi weider Partië vum Spilldag ginn um Sonndeg gespillt.

Commentaire: Gilles Tricca a Sam Rickal
Start vum Stream: 18.25 Auer
Viraussiichtlecht Enn vum Stream: 20.30 Auer