E Samschdeg ass am nationale Futtballchampionnat den Optakt vum 13. Spilldag.

Den Ufank mécht Biissen géint de Racing. Den Ustouss ass e Samschdeg um 17 Auer.

D'Kadere vun den Ekippe fannt Dir hei.

E Sonndeg gëtt dann um 16.00 Auer d'Suite vum 13. Spilldag gespillt, wou ënner anerem Diddeleng zu Rouspert op Besuch ass. Um 17.00 Auer kënnt et dann nach fir den Ofschloss zum Spëtzematch tëscht Stroossen an Déifferdeng, wat och de Match Phare vum Spilldag ass a kommentéiert gëtt.