Um Samschdeg gouf zu Dikrech am Kader vum Skoda Cross Cup an der Militär-WM eng Cyclocross-Course gefuer. De Loïc Bettendorff ass als Éischten ukomm.

De Loïc Bettendorff konnt d'Course an enger Zäit vu 50 Minutten a 37 Sekonne fir sech entscheeden a sech de Weltmeeschter-Titel sécheren. Op déi zweet Plaz koum de Belsch Elio Clarysse mat engem Retard vu 40 Sekonnen. Op déi 3. Plaz ass mam Lennox Papi den zweete Lëtzebuerger gefuer. Mat engem Réckstand vun 58 Sekonne war hien domadder och de beschte Junior. Aus Lëtzebuerger Siicht sinn de Mathieu Kockelnmann, de Ken Conter an de Rick Meyländer och nach an Top 10 gefuer.