D'Nationalekipp vun den Dammen ass e Samschdeg bei engem Frëndschaftsmatch géint d'Belsch am Asaz. D'Partie kënnt Dir live am Stream op RTL.lu suivéieren.

De Match gëtt am Kader vun der offizieller Ouverture vum Centre sportif John Scheuren zu Uewerkuer gespillt. Um 17 Auer geet et lass.

Dëse Livestream gëtt vun Handball TV realiséiert.