Internationale FuttballAC Mailand mécht wichtege Schratt Richtung Meeschterschaft

RTL Lëtzebuerg
Inter bleift um Lokalrival drun an huet weider Chancen op d'Titelverdeedegung. Fir Metz gëtt et schwéier an der Ligue 1 ze bleiwen.
© AFP

Um Samschdeg hat sech a Spuenien Real Madrid de 35. Meeschtertitel vun der Veräinsgeschicht geséchert. An der Premier League geet d’Course ëm d’Meeschterschaft tëscht dem FC Liverpool a Manchester City weider.

Premier League

FC Everton - FC Chelsea 1:0
1:0 Richarlison (47')

Den Jaden Pickford huet Chelsea d’Liewe schwéier gemaach a kee Ball op seng Këscht duerchgelooss. Déi éischt Hallschent war zimmlech aarm u Golchancen, mee direkt nom Säitewiessel konnt Everton a Féierung goen. Uschléissend hunn d’Haushäre mat Leidenschaft verteidegt. Chelsea ass ugerannt, koum awer net laanscht de Pickford, deen zuelräich Parade weise konnt.

Tottenham Hotspur - Leicester City 3:1
1:0 Kane (22'), 2:0 Son (60'), 3:0 Son (79'), 3:1 Iheanacho (90'+1)

Tottenham huet Leicester keng Chance gelooss ee Punkt matzehuelen a war direkt am Match. De Kane konnt seng Faarwen an der éischter Hallschent a Féierung bréngen, de Son huet nom Téi d’Avance fir Tottenham ausgebaut. Leicester konnt an der Nospillzäit just nach den Éieregol markéieren.

West Ham United - FC Arsenal 1:2
0:1 Holding (38'), 1:1 Bowen (45'), 1:2 Gabriel (54')

Den FC Arsenal huet en ausgeglachene Match fir sech entscheet. Zwee Corneren hunn den Ënnerscheed fir d’Gunners gemaach. Arsenal bleift Tabellevéierten, wärend West Ham wuel aus der Course ëm d’Champions-League-Plaze raus ass. Um Enn vun der éischter Hallschent goung et bannent e puer Minutten héich hier an op béide Säite si Goler gefall. Arsenal konnt an der 54. Minutt nees a Féierung goen an dee Virsprong iwwer d’Zäit retten.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Juventus Turin - FC Venedeg 2:1
1:0 Bonucci (7'), 1:1 Aramu (71'), 2:1 Bonucci (76')

Den italieenesche Rekordchampion gewënnt duerch zwee Goler vun hirem Kapitän Leonardo Bonucci géint den Tabelleleschte vu Venedeg. De Routinier hat déi Al Damm per Kappball a Féierung bruecht. An der zweeter Hallschent krut d’Juventus de Sak net zougemaach a Venedeg konnt ausgläichen, éier de Bonucci op en Neits fir seng Faarwe markéiere konnt. D’Juventus huet no dëser Victoire weider all d’Chancen an der nächster Saison Champions League ze spillen.

AC Mailand - AC Florenz 1:0
1:0 Leao (82')

Den AC Mailand huet dank staarker Mathëllef vum Golkipp vu Florenz e wichtege Schratt a Richtung Meeschtertitel gemaach. Mailand hat de ganze Match iwwer vereenzelt Golchancen opweises, konnt awer keng dovun notzen. De Match hat e gudden Niveau, och well Florenz matgespillt huet. Well de Golkipp vu Florenz eng Pass genee an de Fouss vum Rafael Leao gespillt huet, konnt deen zum 1:0 fir Mailand erasetzen.

Udinese Calcio - Inter Mailand 1:2
0:1 Perisic (12'), 0:2 Martinez (39'), 1:2 Pussetto (72')

Inter Mailand hält Napoli op Distanz a bleift um AC Mailand an der Course ëm d’Meeschterschaft drun. Inter war gutt an de Match gestart a konnt fréi e Gol markéieren. An der 39. Minutt krut d’Nerazurri en Eelefmeter zougesprach, deen awer vum Martinez verschoss gouf. Kuerz dorop huet de Martinez per Kappball zum 2:0 eragesat. Mailand huet weider Drock gemaach, konnt awer keen decisive Gol markéieren. Udinese huet nach eng Kéier verkierzt, mee Mailand huet d’Avance iwwer d’Zäit gerett.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

AS Monaco - SCO Angers 2:0
1:0 Bamba (42', Eegegol), 2:0 Ben Yedder (61')

Monaco huet Angers bei der 2:0-Victoire keng grouss Chance gelooss. D’Heemekipp konnt zwar just duerch en Eegegol a Féierung goen, mee hat an der zweeter Hallschent vill Chancen, déi de Ben Yedder zum 2:0 erasetze konnt. Monaco bleift an der Course ëm d’Champions-League-Qualifikatioun.

HSC Montpellier - FC Metz 2:2
0:1 Delaine (24'), 0:2 Mafouta (70'), 1:2 Souquet (80'), 2:2 Wahi (90'+1)

Metz huet de Match iwwer grouss Strecken dominéiert an konnt sech eng 2:0-Avance erausspillen. Montpellier krut an der 40. Minutt no Kontroll duerch de VAR e Gol wéinst Abseits oferkannt. Montpellier konnt sech awer an de leschte Minutte vum Match zeréckkafen an nach den Ausgläich schéissen. Den detailléierte Resumé fannt Dir um Site vun 5minutes.lu.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Bundesliga

An der Bundesliga gëtt um 1. Mee wéinst dem Feierdag net gespillt. D’Matcher Leverkusen - Frankfurt a Gladbach - Leipzig ginn e Méindeg um 20.30 Auer ugepaff. Kuckt Iech de Resumé vun de Matcher vum Weekend nach eng Kéier un.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO