Internationale Futtball35. Meeschtertitel fir Real Madrid

RTL Lëtzebuerg
An der Premier League huet Liverpool mat enger knapper Victoire an der Lutte ëm d'Meeschterschaft virgeluecht. Manchester City huet och gewonnen.
© AFP

An Däitschland huet Mainz mam Leandro Barreiro géint Bayern München gewonnen. De Lëtzebuerger huet dobäi souguer e Gol markéiert.

La Liga

Real Madrid - Espanyol 4:0
1:0 Rodrygo (33'), 2:0 Rodrygo (43'), 3:0 Asensio (55'), 4:0 Benzema (81')

Duerch d'4:0-Victoire vu Real Madrid géint Espanyol Barcelona huet sech d’Ekipp vum Carlo Ancelotti de 35. Meeschtertitel geséchert. Espanyol hat vun Ufank un näischt dogéint ze setzen an de Favorit ass duerch zwee Goler vum Rodrygo a Féierung gaangen. An der 2. Hallschent hunn den Asensio an de Benzema fir d’Endresultat gesuergt. 4 Spilldeeg viru Schluss ka Real Madrid net méi vun der 1. Plaz verdrängt ginn a ka sech iwwert de 35. Championstitel freeën.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Premier League

Newcastle - Liverpool 0:1
0:1 Keita (19')

An der éischter Hallschent war Liverpool déi kloer dominant Ekipp um Terrain. Trotz 5 Wiessel an der Startformatioun, hu sech d’Gäscht eng Rei Chancen erausgespillt. No enger flotter Une-deux mam Diogo Jota huet de Keita fir d’éischt de Golkipp ëmdribbelt, éier en de Ball an de Filet gesat huet. Nom Säitewiessel war Newcastle méi aggressiv géint de Ball, Liverpool huet awer weiderhi vill Golchancë leie gelooss. Um Enn ass et fir d’Ekipp vum Jürgen Klopp awer duergaangen, fir sech mat 1:0 duerchzesetzen.

Leeds United - Manchester City 0:4
0:1 Rodri (13'), 0:2 Ake (54'), 0:3 Jesus (78'), Fernandinho (90+3')

No der Victoire vu Liverpool stoung Manchester City bei Leeds United ënner Drock, fir déi 1. Plaz an der Tabell net ze verléieren. Sky Blues sinn no engem Fräistouss duerch de Rodri mat 1:0 vir komm. D’Heemekipp huet gutt dogéint gehalen, war virum Gol awer ze harmlos. An der 54. Minutt huet den Ake mat sengem Gol fir d’Virentscheedung gesuergt. Den Deckel op d’Partie huet de Gabriel Jesus gemaach. De Schlusspunkt war fir de Fernandinho an der Nospillzäit. An der Tabell huet City weiderhin ee Punkt Avance op d’Reds vu Liverpool.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Neapel - Sassuolo 6:1
1:0 Koulibaly (7'), 2:0 Osimhen (15'), 3:0 Lozano (19'), 4:0 Mertens (21'), 5:0 Mertens (54'), 6:0 Rrahmani (80'), 6:1 Lopez (87')

No der blamabler Defaite géint Empoli wollt Neapel et géint Sassuolo besser maachen. An d’Ekipp vum Luciano Spalletti huet direkt richteg lass geluecht. No 21 Minutte stoung et scho 4:0 fir d’Heemekipp an d’Gäscht ware bis dohi guer net um Terrain. Bis d’Paus sollt awer kee weidere Gol falen. Neapel huet och dono konsequent no vir gespillt a bis déi 80. Minutt op 6:0 erhéicht. Sassuolo ass an der 87. Minutt nach den Éieregol gegléckt. An der Tabell stinn d’Gäscht op Plaz 3 an hunn nach minimal Chancen op d’Meeschterkroun.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Back to Top
CIM LOGO