
Et geet all Kéier de Weekend vum 6./7. Februar nees lass. Bei den Hären ass dee leschte Spilldag an der BGL Ligue dann um Weekend vum 30. Mee virgesinn.
Well Covid-19 bedéngt nach Matcher nozehuele sinn, huet zum Beispill Nidderkuer tëscht dem 7. an dem 28. Februar am ganze 7 Championnatsmatcher. De Progrès muss nämlech nach géint de Racing an Hesper Nodrosmatcher spillen.
Donieft hunn och nach den RM Hamm an den F91 hir Partie géinteneen nozehuelen.