
Weder déi 90, nach déi 120 Minutten sinn duergaangen, fir e Gewënner tëscht béide Veräiner aus der Easter-Conference ze bestëmmen. Orlando war no 5 Minutten a Féierung gaangen, nodeems den Nani scho vum Punkt getraff hat. Den Arbitter hat an enger Zeen virdrun op Handspill vun engem Verteideger decidéiert.
Et war dunn de Lëtzebuerger an de Reie vun New York deen ausgläiche konnt. No 8 Minutte konnt de Maxime Chanot de Keeper iwwerwannen. Déi weider knapp 112 Minutte sinn awer keng Goler gefall, esou datt de Match vum Punkt huet missten entscheet ginn.
De Maxi Moralez vun New York huet dunn direkt den éischte Penalty verschoss, véier Spiller vun Orlando konnte verwandelen, dräi vun New York. Beim fënnefte Penalty vun New York war nees de Keeper am Focus, well de Pedro Gallese de Ball hale konnt. Hien hat sech awer däitlech ze fréi vun der Linn beweegt, wat iwwer VAR festgestallt gouf, an esou krut hien eng giel Kaart. Seng zweet am Match an esou huet hie missten dusche goen. De Penalty gouf widderholl, dat als éischt mam Ersatzkeeper op der Linn. Ma well ee kee Spiller am Eelefmeterschéissen awiesselen dierf, huet de Brian Rowe nees missten op der Bänk Plaz huelen.
Et sollt dunn de Moment vum Rordrigo Schlegel ginn, well de Defenseur huet sech an de Gol gestallt. Den éischte Schoss vum Casetellanos, deen jo säi Versuch widderhuelen dierft, konnt hien net paréieren an den Nani vun Orlando huet selwer net getraff. Esou stoung et no 5 Schëss 4:4. Fir New York ass dunn de Gudmundur Thorarinsson ugetrueden. Säi Schoss war weder richteg fest, nach all ze präzis, esou datt den 23 Joer jonke Schlegel am Gol vun Orlando de Ball paréiere konnt.
D’Ekipp ass ausgeflippt an huet gejubelt. Dobäi gouf bal vergiess, datt si jo selwer nach missten untrieden a verwandelen, fir de Match fir sech z’entscheeden. De Benji Michel huet dann nerve gewissen a säin Eelefmeter verwandelt.
Domadder stinn d’Orlando City an de Confence Halleffinallen an den Tram vum Titel ass fir New York City FC mam Maxime Chanot geplatzt.