
E Sonndeg fänkt am Katar, d’Futtball Weltmeeschterschaft un. Déi ganz Woch iwwer stelle mir iech hei um Radio, déi eenzel Gruppe vir. De Rich Simon huet sech elo de Grupp G méi am Detail ugekuckt.
Eng Auslousung ergëtt dat, wat se ergëtt. Dat ass gewosst. Et ass awer schonns e bësse komesch, datt am Grupp G 3 Ekippen dra sinn, déi och schonns viru 4 Joer a Russland am selwechte Grupp waren. Nämlech de Rekordweltmeeschter Brasilien, d’Schwäiz a Serbien. Komplettéiert gëtt de Grupp vu Kamerun. Viru 4 Joer war dat Costa Rica. Fir den Arbitter Frank Bourgnon huet dat ee gewësse Reiz, datt et elo am Katar praktesch zu engem Remake kënnt.
Frank Bourgnon: De ganze Grupp ass relativ interessant, well e praktesch identesch ass mat deem Grupp vun 2018, wou d’Schwäizer, Brasilien a Serbien dra waren. Favorit ass ganz kloer Brasilien. An da fir déi zweete Plaz tëscht Serbien an der Schwäiz.
Viru 4 Joer hat d’Schwäiz et an d’KO Ronn gepackt.
Frank Bourgnon: D’Chance vun der Schwäiz hänkt vum Match géint Serbien of. Deen hate si 2018 2-1 gewonnen. Si hate bësse Chance, well si een Eelefmeter géint sech net gepaff kruten. D’Serbe waren nom Match relativ opbruecht, well och verschidde Schwäizer Spiller den “Doppeladler” gewisen haten. Do steet also nach eng Rechnung op.
Dem Frank Bourgnon no spillt bei den “Eidgenossen” virun allem de Kollektiv eng grouss Roll.
Frank Bourgnon: D’Stäerkte vun der Schwäiz si ganz kloer de Kollektiv. Si stinn taktesch gutt. Si kënnen och géint méi staark Géigner bestoen, dat hu si och 2018 géint Brasilien gemaach, wou si 1-1 gespillt hunn. Si hu keng groussaarteg Staren. De Kollektiv ass immens wichteg. D’Schwächte si villäicht, datt si am Offensive manner gutt besat sinn, wéi aner Ekippen.
Fir d’Serben ass et no 2010 an 2018 déi 3 Weltmeeschterschaft. Bis elo war no der Gruppephase ëmmer Schluss. Dat soll dëst Joer anescht ginn. De Sprong an d’KO-Ronn wier ee risege Succès.
Zanter 1982 war Kamerun 7 Mol bei enger Weltmeeschterschaft dobäi. De gréisste Succès war d’Véierelsfinall 1990, wou d’Ekipp ronderëm de legendären Roger Milla, eréischt no Verlängerung géint England verluer huet. Bei deenen anere Weltmeeschterschaften war allkéiers no der Virronn Endstatioun. An dat dierft dëst Joer och nees de Fall sinn. Obwuel et jo bei praktesch all Weltmeeschterschaft eng déck Iwwerraschung gëtt. A firwat soll déi net eng Kéier vum afrikanesch Kontinent kommen.
