Futtball-WM 2022Am Grupp H streide sech 4 Ekippe vu 4 Kontinenter ëm déi éischt zwou Plazen

RTL Lëtzebuerg
Wann een de FIFA-Ranking kuckt, dann dierfte Portugal op der Plaz 9 an Uruguay op der 14 déi däitlech Favoritte sinn.
© RTL-Grafik

Op deem Niveau sinn d’Ekippen allerdéngs ganz no beieneen. Bei der “Seleção” gëtt jo ëmmer nees iwwer de Critiano Ronaldo geschwat. Nom Gewënn vun der EM 2016 wéilt hien natierlech och gäre Weltmeeschter ginn, fir seng laang Karriär vläicht um absolutten Topp ofzeschléissen. Mat elo 37 Joer schéngt den CR7 awer de Moment vläicht net dee gréissten Atout ze sinn. Portugal konnt sech eréischt in extremis am Play-Off géint Nordmazedonien qualifizéieren, wat och net esou e gutt Zeechen ass.
De Lëtzebuerger Nationalspiller mat portugiseschen Originnen, deen och a Portugal gebuer ass, an zwar den Diogo Pimentel, weess, datt mat deem Kader alles méiglech ass.

Ech denken, Portugal huet Chancen, fir an d’Finall ze kommen oder Weltmeeschter ze ginn. Ech mengen, de Fussball huet esou evoluéiert an et ass schwéier an dat fir all Veräin an all Ekipp, mee Portugal huet individuell esou vill Qualitéit, datt si awer ouni Problem Éischten oder Zweete vum Grupp ginn.

La Celesta an zwar Uruguay huet och e puer ganz bekannte Spiller am Kader wéi den Edinson Cavani oder de Luiz Suarez, déi 2 ganz erfuere Stiermer. 2010 war Uruguay bis op déi 4. Plaz komm. Zanterhier waren d’Resultater bei enger WM net esou gutt. Dat südamerikanescht Land war am leschte Joerhonnert 2 Mol Weltmeeschter an zwar 1930 an 1950.

Ghana ass op kee Fall ze ënnerschätzen och wann déi afrikanesch Ekipp mëttlerweil bis op déi 61. Plaz am FIFA-Ranking zréck
gerëtscht ass. De ganz erfuerene Jerry Prempeh, fréiere Spiller vum F91 Diddeleng an aktuelle wichtege Spiller vum Swift Hesper ass am Ghana gebuer. Hie weess, datt Ghana net onbedéngt favoriséiert ass, fir weiderzekommen.

Zanter e puer Joer ass d’Nationalekipp vu Ghana net méi esou staark, mee elo hu si sech jo qualifizéiert, wat jo keen Zoufall dierft sinn. Op jidder Fall wäerte si alles ginn.

De Prempeh tippt och op Portugal, fir weiderzekommen, mee op deem Niveau ginn et keng Garantien.

All Match wäert bei dëser WM schwéier ginn an et soll ee keng vun de sougenannte klengen Ekippen op d’liicht Schëller huelen. Et huet een an der Vergaangenheet gesinn, datt et ëmmer Iwwerraschunge goufen. Portugal ass wuel de Favorit, mee an all Grupp sinn Iwwerraschunge méiglech.

D’Südkoreaner hunn natierlech och grouss Ambitioune mat hirem Star den Heung-Min Son vun Tottenham, en extrem staarken a ganz golgeféierleche Spiller. Donieft ass bei den Tigers of Asia den Trainer Paulo Bento absolut am Mëttelpunkt, well hie géint seng Ex-Selektioun an zwar Portugal untriede wäert. Als Spiller gouf hie virun 20 Joer op der WM a Japan a Südkorea vu Ghana eliminéiert.
Den nächsten Donneschdeg ass da mat der Partie Portugal géint Ghana eng Zort Revanche ugesot. Um Optakt-Dag vum Grupp spillen och Uruguay a Südkorea géinteneen.

Futtball WM Grupp H / Reportage Serge Olmo

Back to Top
CIM LOGO