BasketAn der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg ass den Optakt vun den NBA Finals

RTL Lëtzebuerg
An der Finale vun der beschter Basketliga op der Welt spillen des Saison d'L.A. Lakers an d'Miami Heat géinteneen.

Et gëtt am "Best of Seven" Modus gespillt, deemno gëtt déi Equipe Champion, déi als éischt 4 Matcher gewonnen huet.

D'Basketsaison an den USA gëtt jo zanter der Corona-Pandemie an der sougenannter "Bubble" am Disney World zu Orlando gespillt.

Fir de Basket Nationaltrainer Ken Diederich sinn d'Lakers wuel de Favorit, mä Miami ass als Iwwerraschungsequipe a wéinst de gudde Leeschtungen an de leschte Wochen absolut net ouni Chance.

De Ken Diederich am Interview / Reportage Jeff Kettenmeyer

Back to Top
CIM LOGO