Ironman 70.3 op der MuselAnne Reiser a Moris Brust nei Lëtzebuerger Championen iwwer d'Mëtteldistanz

RTL Lëtzebuerg
D'Victoire bei den Hären ass un de Michiel Stockman aus der Belsch gaangen, bei den Dammen huet sech d'Hollännerin Kyra Meulenberg duerchgesat.
© Ironman / Getty Images

Op der 11. Editioun vum Ironman op der Musel sinn e Sonndeg ronn 2600 Triathletinnen an Triathleten aus 44 Natiounen un den Depart gaangen. Zu Réimech goufen ënnert anerem och d’Lëtzebuerger Championen iwwer d’Mëtteldistanz am Triathlon gesicht ginn.

No 1,9 Kilometer Schwammen, 90 Kilometer mam Vëlo an 21,1 Kilometer Lafe konnt sech bei den Dammen d’Anne Reiser no gutt fënnef Stonne (5:04,33) knapp de Championstitel virum Danièle Flammang (5:05,17) an der Gewënnerin vum leschte Joer Sally Dickes (5:11,47) duerchsetzen. Bei den Hären heescht den neie Lëtzebuerger Champion Moris Brust, dee sech mat enger Zäit vu 4:22,50 virum Eric Gonderinger (4:24,25) an dem Jang Belche (4:30,48) behaapt huet.

D’Victoire bei der 11. Editioun vum Ironman zu Réimech ass bei den Häre mat enger Zäit vu 4:04,43 un de belschen Triathlet Michel Stockman gaangen, bei den Damme war déi éischte Plaz fir d’Kyra Meulenberg aus Holland (4:37,20).

Back to Top
CIM LOGO