
Argentinien wënnt no Goler vun Martinez, Di Maria an Dybala, 3:0 géint Italien.
Et war dann och dem Italiener Giorgio Chiellini säi leschten Optrëtt fir déi italienesch Nationalekipp, dat am 117. Match. Hien ass no der 1. Hallschent an der Kabinn bliwwen an hat mat der Defaite géint Argentinien mat Sécherheet net deen Abschid, deen e sech gewënscht hätt, no sou enger laanger Karriär an der italienescher Nationalekipp.
