WM 2022Argentinien mat Messi, Dybala an Di Maria dofir ouni Lo Celso

RTL Lëtzebuerg
Den Nationaltrainer Lionel Scaloni huet e Freideg seng 26 Spiller bekannt ginn, déi fir Argentinien dierfen op der WM oplafen.
Argentinien reest als Copa-América-Gewënner an de Katar.
Argentinien reest als Copa-América-Gewënner an de Katar.
© Apple

Mat dobäi ass de Superstar vun Argentinien Lionel Messi, ma och den nach ugeschloenen Paulo Dybala. Net nominéiert gouf awer den Giovani Lo Celso vun Tottenham, dee sech de leschte Weekend blesséiert huet. Zanter dem Gewënn vun der Copa América zielt den Lo Celso zu engem vun de Stammspiller vun der argentinescher Selektioun.

De Kader am Iwwerbléck

Gol: Emiliano Martínez (Aston Villa), Geronimo Rulli (FC Villarreal), Franco Armani (River Plate)

Defense: Nahuel Molina (Atlético Madrid), Gonzalo Montiel (FC Sevilla), Nicolás Tagliafico (Olympique Lyon), Marcos Acuña (FC Sevilla), German Pezzella (Betis Sevilla), Nicolas Otamendi (Benfica Lissabon), Lisandro Martínez (Manchester United), Cristian Romero (Tottenham Hotspur), Juan Foyth (FC Villarreal)

Mëttelfeld: Guido Rodríguez (Betis Sevilla), Leandro Paredes (Juventus Turin), Exequiel Palacios (Bayer Leverkusen), Alexis Mac Allister (Brighton & Hove Albion), Papu Gómez (FC Sevilla), Rodrigo De Paul (Atlético Madrid), Enzo Fernandez (Benfica Lissabon)

Stuerm: Lionel Messi (Paris St. Germain), Lautaro Martínez (Inter Mailand), Julian Alvarez (Manchester City), Paulo Dybala (AS Rom), Nicolas Gonzalez (AC Florenz), Joaquín Correa (Inter Mailand), Ángel Di María (Juventus Turin)

Back to Top
CIM LOGO