
An der englescher Premier League huet sech nieft der Defaite vu Manchester City an der Victoire vun Arsenal e Samschdeg Tottenham an engem geckege Match mat 4:3 géint Leeds behaapt a fir de formstaarken SSC Neapel gouf et an Italien eng weider Victoire.
An der Bundesliga stoung e Samschdeg d’Suite vum 15. Spilldag um Programm.
Manchester City - Brentford 1:2
0:1 Toney (16'), 1:1 Foden (46'), 1:2 Toney (90+8')
Fir Manchester City gouf et eng batter Defaite géint Brentford. No 16 Minutte konnt den Toney d’Gäscht mat sengem Gol a Féierung bréngen, dat obwuel de Ball zum gréissten Deel am Bësetz vun de Citizens war. Eng Minutt virum Säitewiessel war et dann de Foden, deen duerch e stramme Schoss kuerz virum Strofraum op 1:1 stelle konnt. No der Paus ass de Ball da weider duerch d’Reie vun der Lokalekipp gelaf, ma den entscheedende Gol vum Match sollt awer der Ekipp vu Brentford gehéieren. An der 8. Minutt vun der Nospillzäit hat den Toney keng Problemer, de Ball no enger gudder Viraarbecht hannert d’Linn ze drécken a mat sengem zweete Gol vum Match déi dräi Punkte mat Heem ze huelen.
Tottenham - Leeds 4:3
0:1 Summerville (10'), 1:1 Kane (25'), 1:2 Rodrigo (43'), 2:2 Davies (51'), 2:3 Rodrigo (76'), 3:3 Bentacur (81'), 4:3 Bentacur (83')
Wolverhampton - Arsenal 0:2
0:1 Odegaard (54'), 0:2 Odegaard (75')
Arsenal konnt vun der Defaite vu Manchester City profitéieren an de Match géint Wolverhampton mat 2:0 fir sech entscheeden. No enger Hallschent ouni Goler war et den Norweger Odegaard, deen d’Gunners mat sengen zwee Goler an der 54. a Féierung bréngen an an der 75. Minutt erhéije konnt. No 14 Matcher steet Arsenal elo mat 37 Punkten op der éischter Plaz, hannendru kënnt Manchester City mat 32 Punkten.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Neapel - Udinese 3:2
1:0 Osimhen (15'), 2:0 Zielinski (31'), 3:0 Elmas (58'), 3:1 Nestorovski (79´), 3:2 Samardzic (82')
An der Serie A huet sech den Tabelleleader Neapel déi nächst Victoire geséchert. Duerch d’Goler vum Osimhen an Zielinski louch d’Lokalekipp an der Paus verdéngt a Féierung. Mam drëtte Gol vum Elmas an der 58. Minutt hat een da gemengt, datt sech un der Sortie vum Match näischt méi ännere géif. Zwee séier Goler vun Udinese ronn zéng Minutte viru Schluss hunn d’Partie dann awer nach ee Mol spannend gemaach. Neapel krut d’Féierung trotzdeem iwwert d’Zäit bruecht a steet elo mat 11 Punkte Virsprong op der éischter Tabelleplaz.