"Boxing Day"Arsenal klappt Chelsea, kee Gewënner tëscht Leicester a Manchester United

RTL Lëtzebuerg
Um 15. Spilldag vun der Premier League gouf et kee Gewënner am Duell tëscht Leicester City a Manchester United. Arsenal huet géint Chelsea gewonnen.
© AFP

Leicester City - Manchester United 2:2
0:1 Rashford (23'), 1:1 Barnes (31'), 1:2 Fernandes (79'), 2:2 Tuanzebe Selbstgol (85')

Um Enn gouf et also kee Gewënner, e Resultat, mat deem béid Formatiounen net zefridde kënne sinn. Mat enger Victoire hätte béid Ekippen an der Tabell kënne méi no un de Leader Liverpool erukommen. Leicester huet elo als Tabellenzweeten e Retard vun 3 Punkten a Manchester United ass mat nach engem Punkt manner Tabellendrëtten.

FC Arsenal - FC Chelsea 3:1
1:0 Lacazette (34'), 2:' Xhaka (44'), 3:0 Saka (56'), 3:1 Abraham (85')

Arsenal konnt de Londoner Derby fir sech entscheeden an domat séchere si sech och déi éischt Victoire, nodeems ee 7 Matcher hannerteneen net gewonnen hat. Et war de schlechtste Start an d’Liga zanter 46 Joer. E Samschdeg waren et virun allem d’Goler vum Xhaka a vum Saka, déi et a sech haten.

Aston Villa - Crystal Palace 3:0
1:0 Traore (5'), 2:0 Hause (66'), 3:0 El Ghazi (76')

FC Fulham - FC Southampton 0:0

Manchester City - New Castle United 2:0
1:0 Gündogan (14'), 2:0 Torres (55')

Sheffield United - FC Everton 0:1
0:1 Sigurosson (80')

Back to Top
CIM LOGO