
An Italien gouf et iwwerdeems eng héich 6:1-Victoire vun Inter Mailand géint Bologna.
Fir Sevilla leeft et a Spuenie weiderhin net gutt.
Köln - Leverkusen 1:2
1:0 Schmitz (30'), 1:1 Amiri (65'), 1:2 Diaby (71')
An der 1. Hallschent war vu Leverkusen net vill ze gesinn an d’Säite si mat engem verdéngten 1:0 fir Köln gewiesselt ginn. No der Paus waren d’Gäscht méi aggressiv a si hunn hir Chancë konsequent genotzt. Den Amiri an den Diaby hunn de Match mat hire Goler gedréint. Aus der Siicht vun der Heemekipp war et eng onglécklech Néierlag. Et war déi 3. Defaite fir Köln an de leschte 4 Matcher.
RB Leipzig - Freiburg 3:1
1:0 Simakan (54'), 2:0 Nkunku (56'), 2:1 Kübler (66'), 3:1 Forsberg (78')
Am Spëtzematch war et an den éischte 45 Minutte méi roueg an op béide Säite goufen d’Chancen net genotzt. Nom Säitewiessel hu Simakan an Nkunku innerhalb vun 2 Minutten 2 Goler markéiert. Freiburg huet gutt dogéint gehalen a koum beim 1:2 nach emol erun. De Forsberg huet mat sengem Gol den Deckel op d’Partie gemaach. Freiburg ass op der 3. Plaz an der Tabell wärend Leipzig laanscht de BVB op d’Plaz 5 klëmmt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
An England gouf um Mëttwoch déi 3. Ronn vum League Cup gespillt. Manchester City huet sech do och ouni den Haaland verdéngt mat 2:0 géint Chelsea duerchgesat. Fir Arsenal war et dogéint den Out. Nodeems den Nketiah d’Heemekipp mat 1:0 a Féierung geschoss hat, ass Brighton erwächt. De Welbeck hat nach virun der Paus ausgeglach. Nom Téi hunn de Mitoma an de Lamptey fir déi iwwerraschend 3:1-Victoire gesuergt.
Manchester City - Chelsea 2:0
1:0 Mahrez (53'), 2:0 Alvarez (58')
Arsenal - Brighton & Hove Albion 1:3
1:0 Nketiah (20'), 1:1 Welbeck (27', Eelefmeter)
Inter Mailand - Bologna 6:1
0:1 Lykogiannis (22'), 1:1 Dzeko (26'), 2:1 Dimarco (36'), 3:1 Martinez (42'), 4:1 Dimarco (48'), 5:1 Calhanoglu (59'), 6:1 Gosens (76')
Inter Mailand huet an der Ufanksphas net an de Match fonnt an ass verdéngt mat 0:1 a Réckstand geroden. Dono huet d’Heemekipp awer reagéiert a konnt nach virum Säitewiessel 3:1 a Féierung goen. An der 2. Hallschent hat Bologna näischt méi dogéint ze setzen. Inter huet dovu profitéiert an huet 3 weider Goler markéiert. An der Tabell konnt sech Inter op déi 4. Plaz no vir schaffen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Sevilla - Real Sociedad 1:2
0:1 Sörloth (20'), 0:2 Mendez (36'), 1:2 Mir (44')
Real Sociedad huet de Match vun Ufank un dominéiert an ass no 20 Minutten a Féierung gaangen. 6 Minutte méi spéit ass de Rakitic bei der Heemekipp vum Terrain geflunn a kuerz drop krut och de Nianzou déi rout Kaart gewisen. De Match ass mat 9 géint 11 weidergaangen. De Mendez huet op 2:0 erhéicht, mee de Mir huet virun der Paus seng Ekipp nees méi no erubruecht. An der 2. Hallschent sollt trotz ville Chancë vun de Gäscht kee Gol méi falen. Sevilla bleift weiderhin am Tabellekeller.