
Um Sonndeg gouf et den éischten Profi-Asaz fir den Yvandro Borges fir Mönchengladbach. Am DFB Pokal gouf de Lëtzebuerger Stiermer an der 82. Minutt agewiesselt. Seng Ekipp ass beim 9:1 beim SV Oberachern souverän eng Ronn weiderkomm.
Mainz ass och en Tour weiderkomm. De Leandro Barreiro ass bei der 3:0-Victoire an der 76. Minutt agewiesselt ginn.
De Marvin Martins stoung fir Austria Wien de ganze Match um Terrain. Géint de Linzer ASK huet Wien 1:1 gläich gespillt.
An Amerika huet de Maxime Chanot a New York City 0:0 gläich géint Montreal gespillt. De Lëtzebuerger stoung wéinst enger Verletzung net am Kader. De Lars Gerson stoung bei der 2:1-Victoire vu Kongsvinger géint Mjondalen och net am Kader.
Bei der 5:1-Victoire vun ZSKA Sofia géint de PFC Beroe souz den Enes Mahmutovic de ganze Match iwwer op der Bänk vum Veräin aus der bulgarescher Haaptstad.
An der éischter Ronn vum DFB-Pokal verléiert Köln no Eelefmeterschéisse mat 5:4 géint den Zweetligist Jahn Regensburg. No 90 Minutte stoung et 2:2 an an der Verlängerung hu béid Ekippe kee Gol markéiert. De Lëtzebuerger Nationalspiller Olesen souz 120 Minutten op der Bänk.
Dem Danel Sinani seng Ekipp Norwich City huet um éischte Spilldag vun der zweeter englescher Liga mat 0:1 bei Cardiff City verluer. Béid Ekippe kruten ee Mann mat Giel-Rout vum Terrain gesat. De Lëtzebuerger Sinani gouf an der 72. Minutt agewiesselt, konnt de Réckstand vu senger Ekipp awer net méi gutt maachen.
Am 1. Match vun der Saison hat d’Royale Union Saint-Gilloise mam Anthony Moris am Gol auswäerts 1:1 mat Saint-Trond gedeelt. De Sporting Charleroi war besser an d’Saison gestart, dat mat enger 3:1 Victoire doheem géint KAS Eupen.
Den 2. Spilldag gouf dann um Freideg den Owend agelaut beim Match Royale Union Saint-Gilloise géint de Sporting Charleroi. An der 1. Hallschent si keng Goler gefall. An der 2. Hallschent dunn huet den Sykes an der 56. Minutt den 1:0 fir d’Royale Union geschoss, dat no Viraarbecht vum Venzeir. Dat sollt dann och den eenzege Gol bleiwen, esou datt den Anthony Moris mat enger “wäisser West” heemgoe konnt. Domat huet d’Royale Union Saint-Gilloise no 2 Spilldeeg 4 Punkten a steet iwwer Nuecht un der Tabellespëtzt an der belscher Jupiler Pro League.