
Um Samschdeg waren an der däitscher Coupe déi éischt Matcher vun der neier Saison. Wärend et um Freideg keng Iwwerraschunge goufen, hu sech den zweeten Dag e puer “méi kleng” Ekippen ervirgedoen. En plus gouf tëscht Leipzig a Bayern München am däitsche Supercup respektiv tëscht Liverpool a Manchester City am englesche Community Shield den éischten Titel vun der neier Saison ausgespillt.
Den FC St. Pauli hat beim Match géint den SV Straelen e bësse Krämpes, konnt sech um Enn awer mat 4:3 duerchsetzen. An der Paus hat et 2:2 gestanen an an der zweeter Hallschent kruten d’Gäscht e Spiller mat Rout vum Terrain gesat, si konnte sech mat engem Gol vum Medic an der Nospillzäit awer nach duerchsetzen.
Eng däitlech Iwwerraschung ass den Out vun der Champions-League-Ekipp Bayer Leverkusen. D’Ekipp vum Trainer Seoane verléiert mat 3:4 zu Elversberg. An den éischte 40 Minutte sinn net manner wéi fënnef Goler gefall, sou datt den Opsteiger an d’Drëtt Liga mat 3:2 an d’Paus goung. Nom Säitewiessel huet d’Ekipp aus dem Saarland de 4:2 markéiert, Leverkusen konnt eréischt an der 89. Minutt verkierzen an ass domat schonn an der éischter Ronn eliminéiert.
Eng weider Iwwerraschung war d’Victoire vu Jahn Regensburg géint den 1. FC Köln. D’Ekipp aus Bayern setzt ech no Eelefmeterschéisse mat 5:4 géint de Bundesligist duerch. De Match goung an d’Verlängerung, well et no 90 Minutten 2:2 stoung. D’Heemekipp louch mat 2:0 a Féierung, Köln konnt an der éischter Hallschent nach verkierzen. An den zweeten 90 Minutten huet Köln nach den Ausgläich markéiert. Well an der Nospillzäit kee Gol gefall ass, ass d’Decisioun vum Punkt gefall.
Den Hamburger SV huet sech géint Bayreuth schwéier gedoen a sech eréischt an der Verlängerung mat 3:1 duerchgesat, well et no 90 Minutten 1:1 stoung.
Mat Hansa Rostock ass och schonn en Zweetligist vun enger Ekipp aus dem Amateur-Beräich eliminéiert ginn. Rostock, déi nei Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller Sébastien Thill, gouf vum Drëttligist VfB Lübeck mat 0:1 aus der Coupe geheit.
Bochum hat beim 3:0 géint Viktoria Berlin keng Probleemer, genee wéi Paderborn, déi mat 10:0 zu Wernigerode gewannen. Den Zweetligist Heidenheim gewënnt mat 2:0 zu Illertissen.
Bayern München gewënnt duerch e 5:3 géint Leipzig den 11. Supercup a senger Veräinsgeschicht. An der éischter Hallschent hunn d’Bayern de Match vu vir bis hannen dominéiert - och wann e Gol vum Leipziger Nkunku wéinst Abseits net gezielt huet.
Nom Säitewiessel konnt Leipzig kuerzzäiteg verkierzen, éier München mam 4:1 den ale Virsprong nees hiergestallt hat. An der Schlussphas huet Leipzig duerch zwee Goler nach eng Kéier um Ausgläich geschnuppert, mee um Enn setzt sech de Rekordmeeschter duerch a gewënnt den éischten Titel vun der neier Saison.
An England huet sech Liverpool den éischten Titel vun der Saison gekroopt. D’Ekipp vum Jürgen Klopp huet sech am King Power Stadium zu Leicester mat 3:1 géint de Meeschter Manchester City duerchgesat.
Liverpool war an der 21. Minutt duerch den Trent Alexander-Arnold a Féierung gaangen, ManCity konnt eréischt spéit, an der 70. Minutt, ausgläichen. D’Reds hu sech awer net hänke gelooss an an de leschte 15 Minutten nach zwee Goler - een dovun en Eelefmeter - markéiert an de Community Shield eng éischte Kéier zënter 2006 nees gewonnen.
A Portugal huet sech den FC Porto ouni grousse Probleem mat 3:0 géint CD Tondela duerchgesat. Mat zwee séiere Goler an der 30. an 33. Minutt huet Porto de Match fréi zu senge Gonschten decidéiert. An der 82. Minutt huet Porto de Sak zougemaach an op 3:0 erhéicht.