
Zu Nyon goufen en Dënschdeg de Mëtten d’Aachtelsfinallen an der Champions League gezunn. Den Titelverdeedeger Bayern München kritt do mat Lazio Roum ze dinn an eng intressant Partie gëtt et tëschent dem FC Barcelona a Paris-St-Germain. Béid Ekippe stounge sech fir d’lescht am Mäerz 2017 an engem legendäre Mätsch géint iwwer.
Dat war déi sougenannte Remontada vum FC Barcelona. Am Allez Match hat de PSG nach mat 4-0 gewonnen a stoung scho mat engem Been an der Véierelsfinall ma et sollt anescht kommen. Am Camp Nou huet Barcelona de Match gedréint a stoung no enger 6-1-Victoire an der nächster Ronn.
„Dat kënnt warscheinlech an 30-40 Joer eng Kéier fir“ sot den RTL-Expert Paul Philipp. „Wann dann awer nees déi nämmlecht Affiche grouss gëtt, wéi dat elo de Fall war, da gëtt déi Remontada vu spuenescher Säit nees aus dem Tirang gezunn, zemools vu Barcelona, déi et och néideg hunn de Moment, wann e gesäit, wéi de Veräin de Moment spillt. Den FC Barcelona ass an engem Lach wéi Sie et zanter Joren net méi waren a wou een se absolut net kann als Favorit bezeechnen.“
Den Titelverdeedeger dierft keng Problemer géint Lazio Roum kréien. Der Meenung ass och de Paul Philipp. Den FC Bayern ass zanter 17 Matcher an der Champions League ongeschloen an ass mat 16 Punken aus 6 Matcher déi beschten Ekipp aus der Gruppephas: „Ganz kloer, den FC Bayern ass lescht Joer duerch déi Champions League marschéiert, dëst Joer och erëm. Momentan sinn och Si an engem klenge Lach, wat och normal ass. Dat ass elo net dramatesch, well si si géint Lazio, déi fir d’éischt an der KO-Phase sinn, de Favorit.“
No enger Abstinenz vun 43 Joer steet Gladbach nees an den Aachtelsfinalle vun der Champions League an dat och verdéngt, wann ee Prestatioune vun den Ekipp vum Marco Roose an der Gruppephase kuckt. Do kritt et d’Ekipp aus der Bundesliga elo mat Manchester City ze dinn.
„Ech mengen, dass Gladbach méi erreecht huet wéi Si sech dat am Ufank erhofft hunn. Dat ass ëmmer e gutt Zeechen, well da kann een ouni Drock an déi Matcher eragoen“ esou de Paul Philipp weider.
D’Allersmatcher fänken de 16. Februar un an déi kënnt natierlech nees Live um RTL Zwee suivéieren.
Borussia Mönchengladbach - Manchester City
Lazio Roum - FC Bayern München
Atlético Madrid - FC Chelsea
RB Leipzig - FC Liverpool
FC Porto - Juventus Turin
FC Barcelona - Paris Saint-Germain
FC Sevilla - Borussia Dortmund
Atalanta Bergamo - Real Madrid
D’Allersmatcher ginn de 16., 17., 23. a 24. Februar gespillt, d’Retourmatcher si fir den 9., 10., 16. a 17 Mäerz programméiert.